Leschte groussen OptrëttBob Bertemes: "Et fänkt iwwerall un, e bësse méi wéizedoen"

RTL Lëtzebuerg
Bannent dräi Versich konnt hien net déi néideg Norm-Distanz vun 21,35 Meter erreechen.
© ATP/Luxpress

Nom Patrizia van der Weken, dat sech e Freideg de Mëtteg fir d'1/2-Finallen iwwer 100 Meter qualifizéiere konnt, huet de Bob Bertemes et net gepackt, den Ticket fir d’Finall vum Bommstoussen ze léisen.

De Lëtzebuerger Bommstousser hat an der Qualifikatioun ee gültege Versuch. Dat war direkt am Ufank. Hei huet hien d’Bomm 20,27 Meter wäit gestouss. Um Enn ass dat net duergaangen, fir sech fir d’Finall ze qualifizéieren. De Bob Bertemes klasséiert sech um Enn als 17. ënner 29 Athleten. Fir d’Finall wieren 20,81 Meter néideg gewiescht.

"Et fänkt iwwerall un e bësse méi wéi ze doen"
Dat sot de Bob Bertemes, nodeems hien op den Olympesche Spiller d’Finall am Bommstousse verpasst huet. Et war säi leschte groussen Optrëtt op der grousser Bün.

Fir de Lëtzebuerger war et de leschten Optrëtt a senger Karriär op der ganz grousser Bün. D’Kompetitioun ass net esou Verlaf wéi gewënscht. E wier nach beim éischte Versuch relativ gutt erakomm, esou de Bob Bertemes am RTL-Interview. D’Stéiss 2 an 3 waren ongülteg an d’Technik wier do schlecht gewiescht.

Schonn déi lescht Deeg hätt den Athlet vu Bieles kierperlech Problemer gehat. Am Interview huet een deem soss gutt gelaunte Sportler ofgesinn, dass en net zefridde war mat sengem Optrëtt.

“Mam Kierper hat ech e bësse Problemer, e bësse mam Knéi, e bësse mat der Schëller, e bëssen iwwerall. Et fänkt iwwerall lénks a riets un, e bësse méi wéizedoen.”

“Et wär awer op alle Fall dra gewiescht”

Et wier méi dragewiescht, esou de Sportzaldot, ma en hätt et net kënnen ofruffen den Owend. “Ech mengen, et muss ee vun Ufank u volle Risiko goen. Mir hate probéiert, e bëssen ëmzestellen, well ech hat déi ganz Saison iwwer ëmmer déi éischt Versich e bëssen ze zréckhalend gestouss.”

D’Taktik wier opgaangen, ma d’Stéiss duerno einfach net gutt genuch gewiescht.

Leschte grousse Meeting

Scho méi laang huet de Bob Bertemes gesot, dass no den Olympesche Spiller Schluss ass. “Et war scho gewosst, dass et de leschte grousse Meeting wier an ech hat scho Bock gehat. Ech mengen d’Ambiance ass absolutt gäil. An jo, et ass halt Scheiße.”

Et wier elo esou an ze spéit, fir ze soen: “hätt ech, hätt ech, hätt ech.”
De 15. August ass dem Bob Bertemes säi leschte Meeting, dat bei sengem Club dem CA Bieles, deem hien an all deene Joren trei bliwwen ass.

1. Versuch vum Bob Bertemes
20,27 Meter ass d’Bomm geflunn, dat ass net duergaange fir d’Finall.

LINK: Klickt Iech duerch d’Fotogalerië vun den Olympesche Spiller

Back to Top
CIM LOGO