Stuttgart verléiert Derby géint Freiburg, Dortmund klappt Frankfurt

© AFP
Leipzig setzt sech géint Bochum duerch a Kiel verléiert säin éischten Optrëtt an der Bundesliga. Zu Augsburg an zu Mainz goufen et Gläichspiller.
Zum Start vun der neier Bundesliga-Saison klappt Freiburg Stuttgart am Baden-Württemberg-Derby 3:1 a steet nom éischte Match vum neien Trainer Julian Schuster op der éischter Plaz. De Vizemeeschter louch zwar schonn no 2 Minutten no engem schéine Säitfallzéier vum Demirovic a Féierung, mee méi gouf et an der éischter Hallschent vu Stuttgart net ze gesinn. No enger Drénkpaus konnt de Kübler fir Freiburg an der 26. Minutt ausgläichen, a Freiburg hätt virun der Paus nach kënnen a Féierung goen. Nom Säitewiessel huet den Doan mat e bësse Gléck den 2:1 fir de Sportclub geschoss an de Kübler huet an der 61. Minutt mat sengem zweete Gol nach een nogeluecht. Am weidere Verlaf hate béid Ekippen nach d'Méiglechkeet, e weidere Gol ze schéissen, wat hinnen awer net gelénge sollt.
Mainz an Union Berlin trenne sech 1:1. An der éischter Hallschent hu béid Ekippen de Spectateuren net vill gebueden. Bis op e puer hallefhäerzeg Méiglechkeeten war net vill lass am Mainzer Stadion. Dat sollt sech am zweeten Duerchgang änneren, well den FSV mat vill Elan aus de Kabinne komm war. Den Amiri konnt en direkte Fräistouss zum 1:0 erasetzen. Bis zur Drénkpaus hu béid Ekippen net méi vill op den Terrain bruecht. An der klenger Paus huet den Trainer vu Berlin wuel déi richteg Wierder fonnt, well seng Ekipp déi lescht Minutte mat méi Engagement ugoung a mam Ausgläich belount gouf. An de leschte Minutten hu béid Ekippen hiert Gléck an der Offensiv gesicht, mee et sollt kee weidere Gol falen.
No enger turbulenter Ufanksphas spillen Augsburg a Bremen gerechter Weis 2:2. D'Ufanksphas zu Augsburg hat et a sech. No 12 Minutte goungen d'Gäscht vu Bremen a Féierung, Augsburg konnt quasi am Géigenzuch ausgläichen. Wéinst den héijen Temperaturen gouf et eng Drénkpaus, no där d'Heemekipp souguer den 2:1 markéiere konnt. Bremen hat no der Paus déi besser Chancen a konnt eng zum Ausgläich notzen. An den nächste Minutten hu sech béid Ekippen eng Rei Golchancen erausgespillt, awer ouni déi néideg Reussite. De VAR koum och nach zwee Mol zum Asaz: eng Kéier wéinst Abseits bei engem Augsburger Gol an eng Kéier wéinst engem Eelefmeter fir Augsburg.
Am Duell vun de Géigesätz huet sech Leipzig knapp 1:0 géint Bochum duerchgesat. An den éischte 45 Minutte kruten d'Spectateuren am Leipziger Stadion keng Goler ze gesinn, an och de Spillverlaf war net no hirem Goût. Leipzig huet sech schwéier gedoen an huet de Bochumer e puer Kaddoe gemaach, déi de Veräin aus dem Ruhrpott awer net genotzt huet. Virun der Paus koum Leipzig besser an de Match, awer ouni déi néideg Prezisioun. An der 59. Minutt huet de grad agewiesselten Nusa den 1:0 fir Leipzig geschoss. Uschléissend ass de Match immens verflaacht. No enger Rouder Kaart fir Leipzig goufen déi lescht Minutten nach eng Kéier spannend, mee d'Heemekipp huet de Virsprong iwwer d'Zäit gerett.
Fir Kiel gouf et beim éischten Optrëtt an der Bundesliga net den erhoffte Start. Den Opsteiger verléiert 2:3 zu Hoffenheim. Hoffenheim huet fréi vun engem Eelefmeter profitéiert, duerno ass awer net méi vill vun de Kraichgauer komm. Kiel, den éischte Veräin aus Schleswig-Holstein, deen an der Bundesliga spillt, koum no 20 Minutte besser an de Match, ass awer ëmmer um Hoffenheimer Golkipp Baumann hänke bliwwen. Genee an dëser Phas ass Hoffenheim den 2:0 gelongen, an en drëtte Gol virun der Paus wär och méiglech gewiescht. Och am zweeten Duerchgang hate béid Ekippen hir Méiglechkeeten. An der 63. Minutt ass Kiel säin éischte Gol an der Bundesliga gelongen, wat um Enn awer net duergoe sollt. An der 87. Minutt huet de Kramaric mat sengem drëtte Gol den Deckel drop gemaach, och wa Kiel nach eng Kéier noleeë konnt.
An der Owespartie huet sech Borussia Dortmund 2:0 géint Eintracht Frankfurt behaapt. De Match gouf eréischt no 20 Minutten esou richteg lancéiert, wéi de BVB an d'Adleren hir éischt gutt Golchancë verbuche konnten. Bis zur Paus sollten d'Spectateuren awer net méi vill gutt Aktiounen ze gesi kréien. Och de Start an déi zweet Hallschent war kee Leckerbëssen. An der 72. Minutt huet den agewiesselte Gittens mat sengem 1:0 d'Westfalenstadion zum explodéiere bruecht, obwuel Frankfurt zu deem Moment déi besser Ekipp war. Et war och de Gittens, deen an der 93. Minutt de Sak zougemaach huet. Dortmund gewënnt net onverdéngt, awer e bësse glécklech.
E Freidegowend hat sech den Titelverdeedeger Leverkusen am Optaktmatch an der Nospillzäit 3:2 géint Gladbach duerchgesat.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.