Patrizia van der Weken schléisst Saison mat staarker 5. Plaz of
E Freideg den Owend war zu Bréissel déi lescht Manche vun der Diamond League an der Liichtathletik.
E Freideg den Owend huet d'Patrizia van der Weken bei hirem leschten Optrëtt fir dës Saison nach emol eng staark Leeschtung gewisen. D'Lëtzebuergerin ass zu Bréissel bei der Finall vun der Diamond League iwwer 100 Meter op déi staark 5. Plaz gelaf. Fir si ass de Chrono no 11,16 Sekonne stoe bliwwen.
Gewonne gouf d'Course vun der Olympia-Gewënnerin Julien Alfred an 10,88 Sekonnen. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Europameeschterin Dina Asher-Smith (10,92 Sekonnen) an d'Marie-Josée Ta Lou-Smith (11,05 Sekonnen) gelaf.

© AFP
D'Patrizia van der Weken hat de 7. Juli zu Paräis fir d'éischte Kéier an hirer Karriär un engem Diamond-League-Meeting deelgeholl - an hat sech direkt d'Victoire iwwer 100 Meter bei dëser prestigiéiser Serie geséchert. Duerno war d'Lëtzebuergerin zu Monaco Véiert, zu Lausanne Aacht an du Chorzow Fënneft ginn. Duerch dës Resultater hat si sech fir d'Finall zu Bréissel qualifizéiert.
D'Patrizia van der Weken ass déi éischt Lëtzebuergerin, déi jee bei der Diamond League un den Depart gaangen ass.
D'Resultat vun der Course
1 ALFRED Julien 10.88
2 ASHER-SMITH Dina 10.92
3 TA LOU-SMITH Marie-Josée 11.05
4 NEITA Daryll 11.14
5 van der WEKEN Patrizia 11.16
6 BASS BITTAYE Gina Mariam 11.19
7 DAVIS Tamari 11.21
8 RICHARDSON Sha'Carri 11.23
9 ROSIUS Rani 11.37

© Diamond League