En Donneschdeg huet de Luc Holtz de 25 Mann staarke Kader fir d'Nations-League-Matcher géint Bulgarien a Belarus annoncéiert.

No senger disziplinarescher Spär de leschte Match ass de Gerson Rodrigues nees zeréck am Kader vun der Futtballnationalekipp. Den Nationaltrainer huet sech awer bedeckt gehalen, wéi de Fitnesszoustand vum Stiermer ass, deen den Ament an der zweeter Liga a China spillt.

De Luc Holtz
Gerson Rodrigues nees nominéiert
De Luc Holtz erkläert, firwat de Gerson Rodrigues nees nominéiert gouf.

Zeréck am Krees vun de Roude Léiwen sinn donieft den Alessio Curci, de Chris Philipps, de Marvin Martins an de Seid Korac. De Michael Omosanya ka sech iwwert seng éischt Selektioun zanter 2022 freeën. Fir déi éischte Kéier mat dobäi ass den Tomaz Moreira. Blesséiert feelen nach ëmmer de Vincent Thill an den Yvandro Borges. Net zeréckbehale goufen den Olivier Thill, den Jayson Videira an de Lars Gerson.

D'Rout Léiwe spillen den 12. Oktober um 18 Auer a Bulgarien an de 15. Oktober um 20.45 Auer an Ungarn géint Belarus.

RTL

© Image by  FLF/Facebook