Hesper gewënnt zéie Spëtzematch géint de Racing
Mat Hesper a Racing sinn um 10. Spilldag Tabellennoperen openee getraff, mee sou spannend waren déi 90 Minutten net onbedéngt.
Am nationale Futtball-Championnat bei den Häre war et e Samschdeg mam Match Hesper Racing den Optakt vum 10. Spilldag an der BGL Ligue.
Et hat e bësse gedauert, bis béid Ekippen an de Match fonnt hunn, mee ab der 30. Minutt ass de Ball besser duerch d'Reie gelaf. Hesper konnt sech meeschtens an der géignerescher Hallschent de Ball zouspillen an hat an der Persoun vum Stolz déi bescht Méiglechkeet bis dohin. De Racing huet aggressiv dogéint gehalen an huet virun allem op Konter gelauert.
Een dovun huet de Gäscht an der 34. Minutt en Eelefmeter abruecht, mee de Mabella ass mat sengem Schoss um Dupire hänke bliwwen. Fënnef Minutte méi spéit konnt de Stolz no enger flotter Viraarbecht vum Sinani zum 1:0 erasetzen. Mat dësem Resultat goung et och an d'Kabinnen.
An der zweeter Hallschent hunn déi 1125 Spectateure keng weider Goler ze gesi kritt. Den agille Sinani hat wuel direkt no der Paus nach eng gutt Chance fir de Swift, mee säi Schoss aus 20 Meter goung un de Potto. De Racing huet sech uschléissend méi getraut, mee konnt sech just vum Ballbesëtz hier e méi grousse Virdeel verschafen. Ugrëffstechnesch koum vu béiden Ekippen net méi vill, soudass Hesper mat 23 Punkte bis e Sonndeg Tabellenzweeten ass.
Den Detail vum Match kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Swift Hesper - Racing 1:0
1:0 Stolz (39')