Offiziell 211 Doudeger no uergen Onwiederen a Spuenien

© afp
Quasi all komme si aus der Géigend ëm Valencia. D'Autoritéite wëssen nach ëmmer net, wéi vill Persounen nach vermësst ginn.
Déi tatsächlech Zuel vun den Doudege steet nach laang net fest, mä et ass sécher, et ginn der ëmmer méi. E Samschdeg de Moien huet de spueneschen Inneministère offiziell vun 207 Persoune geschwat, déi an de schlëmme Wiederen dës Woch ëm d'Liewe komm sinn.
Et geet een dovunner aus, datt nach vill Leit an Autoe sinn déi vun de Waassermasse matgerappt goufen. Méi wéi 1.700 Zaldoten hëllefe bei den Opraumaarbechten, mä d'Hëllef war bis e Freideg den Owend nach net iwwerall ukomm.
E Samschdeg de Mëtteg huet de Ministerpresident Pedro Sánchez annoncéiert, op Nofro vun der Regionalregierung vu Valencia weider 5.000 Polizisten a 5.000 Zaldoten an d'Regioun ze schécken. 2.000 Zaldote si schonn op der Plaz. Dobäi huet de Sánchez och matgedeelt, datt d'Zuel un Doudesaffer antëscht op 211 geklomme wier.
D'Gemengen hunn en Appell gemaach Fräiwëlleger solle sech melle fir eng Hand mat unzepaken. Wat och dausende Leit gemaach hunn. De Weekend gëtt elo de Verkéier an der Géigend op den Haaptverbindungsstroosse limitéiert fir de Rettungsdéngschter Prioritéit ze ginn.