Manchester City verléiert zu Brighton, kloer Victoire fir Real Madrid

© AFP
Trotz enger 1:0 Féierung bleift den englesche Champion um Enn ouni Punkten a léisst dem Leader Liverpool domat d'Chance, de Virsprong auszebauen.
E Samschdeg stoungen am internationale Futtball d'Suitte vum Championnat um Programm. An England léisst Manchester City wichteg dräi Punkte bei enger Defaite zu Brighton leien, an Italien spillt den AC Mailand 3:3 gläich an a Frankräich huet Stroossbuerg seng Féierung nach an deene leschte puer Minutte géint Monaco verspillt. Fir Real Madrid gouf et donieft eng kloer 4:0-Victoire.
De Weekend waren och rëm eng Rei Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.
Premier League
Crystal Palace - Fulham 0:2
0:1 Smith Rowe (45+2'), 0:2 Wilson (83')
Brighton - Manchester City 2:1
0:1 Haaland (23'), 1:1 Joao Pedro (78'), 2:1 O'Riley (83')
Fir den Tabellenzweete Manchester City gouf et auswäerts géint formstaark Ekipp aus Brighton eng 1:2-Defaite. Den Erling Haaland hat den englesche Champion no gutt 20 Minutten a Féierung bruecht a seng Ekipp mat engem verdéngten 1:0 an d'Paus geschéckt. An der zweeter Hallschent huet sech d'Lokalekipp dann awer vun enger besserer Säit gewisen a krut sech no an no Golchancen erschafft. An der 78. Minutt war et dann den agewiesselte Joao Pedro, deen op 1:1 ausgläiche konnt. Domat war et awer nach net eriwwer. Brighton huet vum Momuntem profitéiert a wënnt um Enn duerch ee weidere Gol vum Matt O'Riley mat 2:1. Domat sprange si tëschenzäitlech op déi 4. Plaz an der Tabell.
Liverpool - Aston Villa 2:0
1:0 Darwin (20'), 2:0 Salah (84')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Cagliari - AC Mailand 3:3
1:0 Zortea (2'), 1:1 Leao (15'), 1:2 Leao (40'), 2:2 Zappa (53'), 2:3 Abraham (69'), 3:3 Zappa (89')
Juventus - FC Turin 2:0
1:0 Weah (18'), 2:0 Yildiz (84')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Stroossbuerg - Monaco 1:3
1:0 Doué (29'), 1:1 Ben Seghir (79'), 1:2 Ben Seghir (89'), 1:3 Ilenikhena (90+1')
Lens - Nantes 1:0
1:0 Frankowski (21'), 1:1 Simon (36'), 1:2 Cozza (71'), 2:2 Ojediran (86), 3:2 Thomasson (90')
Angers - PSG 2:4
0:1 Lee (17'), 0:2 Lee (20'), 0:3 Barcola (31'), 0:4 Barcola (45+2'), 1:4 Lepaul (90+1'), 2:4 Biumla (90+7')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Real Madrid - Osasuna 4:0
1:0 Vinicius Jr. (34'), 2:0 Bellingham (42'), 3:0 Vinicius Jr. (61'), 4:0 Vinicius Jr. (69')
Real Madrid huet no der Defaite an der Champions League eng Reaktioun gewisen an Osasuna doheem mat 4:0 geschloen. De Vinicius Junior an den Jude Bellingham konnten an der éischter Hallschent fir eng 2:0-Féierung suergen. Och nom Säitewiessel waren déi Kinneklech an alle Beräicher méi staark an hunn der Ekipp vun Osasuna keng Chance gelooss. Mat zwee weidere Goler bannent néng Minutten huet de Vinicius Junior seng gutt Form eng weider Kéier confirméiert an d'Partie fir Real definitiv entscheet.
Leganes - FC Sevilla 1:0
1:0 Miguel (82')