An enger verréckter Partie huet Hoffenheim sech iwwerdeems 4:3 géint Leipzig duerchgesat.

An den anere Ligen gouf et ënner anerem eng däitlech Defaite fir Manchester City an e Remis tëscht AC Milan a Juventus.

Dortmund huet sech no enger souveräner Leeschtung mat 4:0 géint Freiburg behaapt. No engem schéine Spillzuch huet de Beier Schwaarz-Giel no 7 Minutten a Féierung bruecht. An der Suite huet Freiburg gutt matgespillt an ass och zu enger Rei Occasioune komm, déi allerdéngs all ongenotzt bliwwe sinn. Kuerz virun der Paus war et dunn den Nmecha, dee mat engem Distanzschoss op 2:0 erhéicht huet. An der zweeter Hallschent war de BVB déi dominant Ekipp a war no zwee taktesche Fouls vum Osterhage och fir eng hallef Stonn an Iwwerzuel. E puer Minutten no der rouder Kaart huet de Brandt e Fräistouss direkt verwandelt an de Match domat endgülteg entscheet. De Gittens huet an der Schlussphas nach een dropgesat, woumat et déi héchst Freiburger Defaite ënnert dem neien Trainer Schuster ass.

Leverkusen huet de Match géint Heidenheim gedréint a sech um Enn verdéngt mat 5:duerchgesat. D'Leverkusener Defense huet e ganz schwaache Start erwëscht an effektiv Heidenheimer louchen duerch Goler vun Dorsch an Honsak schonn no 20 Minutten 2:0 a Féierung. Dunn ass de Champion awer erwächt a knapp 10 Minutte virun der Paus stoung et duerch Palacios a Schick schonn nees 2:2. E puer Minutten nom Säitewiessel huet de Schick mat sengem zweete Gol vum Dag d'Partie gedréint. Heidenheim ass kaum méi un de Ball komm an huet nom drëtte Gol vum Schick 20 Minutte viru Schluss d'Hoffnung op e Punktgewënn missen opginn. De Xhaka huet mat engem schéinen Ofschloss fir de 5:2-Endstand gesuergt.

No enger verréckter Partie, an där d'Gäscht aus Leipzig dräimol a Féierung gaange waren, gewënnt Hoffenheim den éischte Match mam neien Trainer Ilzer um Enn 4:3.

Zu Stuttgart setzt de VfB sech no Goler vu Führich an Diehl mat 2:0 géint den Tabelleleschte Bochum duerch.

Duerch e Gol vum Baku konnt WolfsburgUnion Berlin 1:0 klappen an déi éischt Heem-Victoire an der dëser Bundesliga-Saison feieren.

Am Owesmatch huet Frankfurt am Match géint Bremen déi besser Leeschtung gewisen a sech um Enn verdéngt mat 1:0 duerch e Gol vum Götze duerchgesat.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell