Manchester City verléiert 0:4 géint Tottenham, 0:0 tëscht AC Milan a Juve

© AFP
Donieft konnt Arsenal Nottingham Forest klappen an Atlético Madrid huet sech spéit géint Alaves duerchgesat.
An der Bundesliga gouf et de Mëtteg ënner anerem däitlech Victoirë fir Dortmund a Leverkusen.
Premier League
Leicester City - Chelsea 1:2
0:1 Jackson (15'), 0:2 Fernandez (75'), 1:2 Ayew (90+5', Eelefmeter)
Chelsea huet beim Opsteiger aus Leicester eng souverän Leeschtung gewisen a sech verdéngt déi 3 Punkte geséchert. Nom Gol vum Jackson sinn d'Visiteuren zwar offensiv net allze dacks geféierlech ginn, hannen hu si dofir awer och kaum Ofschlëss zougelooss. An der leschter hallwer Stonn waren d'Blues dunn nees méi engagéiert an hunn duerch de Fernandez de Sak zougemaach, den Eelefmeter an der Nospillzäit koum fir d'Haushären ze spéit.
Arsenal - Nottingham Forest 3:0
1:0 Saka (15'), 2:0 Partey (52'), 3:0 Nwaneri (86')
Géint d'Iwwerraschungsekipp aus Nottingham, déi dës Saison nach net op friemem Terrain verluer hat/huet, ass Arsenal eng souverän Victoire gelongen. Wärend d'Gäscht an der éischter Hallschent kaum virun de Gol komm sinn, haten d'Gunners e gudden Dag erwëscht a sinn duerch de Saka a Féierung gaangen. Kuerz nom Säitewiessel huet de Partey per Distanzschoss den 2:0 markéiert, wouropshin et viru béide Goler just nach wéineg geféierlech Aktioune gouf. De jonken Nwaneri huet mam drëtte Gol endgülteg fir d'Entscheedung gesuergt.
Manchester City - Tottenham Hotspur 0:4
0:1 Maddison (13'), 0:2 Maddison (20'), 0:3 Porro (53'), 0:4 Johnson (90+3')
D'Haushären hu besser an de Match fonnt, ma no schéiner Virlag konnt de Maddison d'Spurs a Féierung schéissen. Den Englänner huet kuerz drop souguer erhéicht, nodeems hien dës Kéier vum Son an Zeen gesat gi war. De Champion war ëm eng schnell Äntwert beméit, huet awer och missen op déi geféierlech Konter vun de Gäscht misse oppassen. Genau sou ee Konter war et dunn och, dee kuerz no der Paus zum 0:3 an domat der Virentscheedung gefouert huet. D'Citizens hunn et bis zum Schluss probéiert, sinn awer ëmmer nees um staarke Vicario hänke bliwwen. An der Nospillzäit huet den Johnson souguer nach een dropgesat an de perfekten Owend vun de Spurs ofgeschloss. Et ass déi 5. Defaite um Stéck fir City, déi vun e Sonndeg un 8 Punkte Réckstand op Liverpool kéinten hunn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Hellas Verona - Inter 0:5
0:1 Correa (17'), 0:2 Thuram (22'), 0:3 Thuram (25'), 0:4 de Vrij (31'), 0:5 Bisseck (41')
Inter huet Verona am eegene Stadion schonn am éischten Duerchgang iwwerrannt an zu kengem Zäitpunkt Zweiwel un der Victoire opkomme gelooss. No ganze 5 Goler virum Säitewiessel hunn d'Gäscht am zweeten Duerchgang e puer Gäng zréckgeschalt an de Ball gréisstendeels duerch déi eege Reie lafe gelooss.
AC Milan - Juventus Turin 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lens - Marseille 1:3
0:1 Rongier (49'), 0:2 Henrique (57'), 1:2 Fulgini (80'), 1:3 Hojbjerg (89')
Lens huet déi éischt Hallschent dominéiert, konnt awer virun allem wéinst feelender Effizienz virum Gol net a Féierung goen. Marseille ass verbessert aus de Kabinne komm an huet et no just 4 Minutte duerch de Rongier besser gemaach. E puer Minutten drop huet den Henrique no engem Konter erhéicht. De Gol vom Fulgini huet nach eemol Hoffnung bei Lens opkomme gelooss, mam Hojbjerg sengem Fräistouss war d'Partie awer entscheet.
Reims - Lyon 1:1
0:1 Cherki (38'), 1:1 Diakité (55')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Valencia - Betis Sevilla 4:2
1:0 Tarrega (8'), 1:1 Duro (14', Selbstgol), 2:1 Duro (50'), 3:1 Duro (53'), 4:1 Lopez (56'), 4:2 Avila (66')
An der éischter Partie fir Valencia zanter den Iwwerschwemmungen huet den Tarrega seng Ekipp fréi a Féierung bruecht, déi wéinst engem Selbstgol vum Duro net laang gehalen huet. Nom Säitewiessel war et awer och den Duro, dee vun enger onopmierksamer Defense vu Betis profitéiere konnt a bannent dräi Minutten zwee Goler geschoss huet. Kuerz drop huet de Lopez mat engem spektakulären Ofschloss fir de 4:1 an domat d'Decisioun gesuergt. De Gol vum Avila sollt näischt méi um Ausgang änneren, woumat Valencia sech erof vun der leschter Plaz schéisst.
Atlético Madrid - Deportivo Alaves 2:1
0:1 Guridi (8', Eelefmeter), 1:1 Griezmann (76', Eelefmeter), 2:1 Sorloth (86')
Nom fréien Hand-Eelefmeter fir d'Visiteuren huet Atletico sech ganz schwéier gedoen, fir offensiv villverspriechend Occasiounen ze kreéieren. Géint en defensiv agestallte Géigner huet d'Ekipp vum Diego Simeone et virun allem mat Flanke probéiert, dat awer ouni Alaves viru gréisser Problemer ze stellen. Zum Ausgläich huet nees en Hand-Eelefmeter missen hier, deen de Griezmann zum 1:1 verwandele konnt. Kuerz viru Schluss huet de Sorloth d'Partie dunn awer nach gedréint, woumat de Simeone säi 700. Match als Trainer vun Atletico mat 3 Punkte feiere kann.
Celta Vigo - Barcelona 2:2
0:1 Raphinha (15'), 0:2 Lewandowski (61'), 1:2 Gonzales (84'), 2:2 Alvarez (86')