Maxime Chanot mat LA an der Véierelsfinall eliminéiert

© AFP (Archiv)
An der 2. däitscher Bundesliga spréngt Elversberg mam Raphael Duarte duerch d'Victoire zu Düsseldorf op Plaz 3.
An der Nuecht op e Sonndeg huet de Maxime Chanot mat Los Angeles FC 1:2 no Verlängerung géint d'Seattle Sounders verluer. Domat ass LA an der Véierelsfinall vun der MLS ausgescheet. Los Angeles war an der 50. Minutt a Féierung gaangen, mee dem Lëtzebuerger Verteideger ass an der 59. Minutt en Eegegol ënnerlaf. Well et no 90 Minutte gläich stoung, goung et an d'Verlängerung, wou Seattle an der 109. Minutt den decisive Gol geschoss huet.
St. Pauli muss déi zweet Defaite hannertenee verkraaften. Am Auswäertsmatch bei Gladbach gouf eng 0:2-Néierlag, woumat d'Hamburger weiderhin op der Relegatiounsplaz pechen. Den Danel Sinani gouf eréischt an der 83. Minutt agewiesselt a konnt senger Ekipp keng entscheedend Impulser ginn.
An der Belsch huet d'Union St. Gilloise d'Punkte mat Leuven gedeelt. De Match hat gutt fir d'Ekipp vum Anthony Morris ugefaangen. No 11 Minutten hat e Spiller vu Leuven de Ball an den eegene Gol bugséiert. Leuven konnt awer nach virun der Paus per Eelefmeter ausgläichen. St. Gilloise hänkt weider am Tabellemëttelfeld fest.
An der hollännescher Eredivisie huet NAC Breda ee Punkt vun Tilburg mat heem geholl. D'Ekipp vum Enes Mahmutovic louch an der 53. Minutt 2:0 vir, mee Tilburg konnt an der laanger Nospillzäit nach den Ausgläich markéieren. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz 90 Minutten op der Bänk.
Am Spëtzematch an der bulgarescher Liga huet ZSKA Sofia mat Ludogorez Rasgrad d'Punkte gedeelt. No 90 Minutte stoung et 2:2. Soumat verléiere Mica Pinto a Co weider den Uschloss un d'international Plazen. Ludogorez gréisst mat 22 Punkten Avance vun der Tabellespëtzt.
Samschdeg
Mam lëtzebuergesche Co-Trainer Raphael Duarte ass Elversberg ee wichtege Succès zu Düsseldorf gelongen. D'Ekipp spréngt domat op Plaz 3 vun der Tabell, dat mat nëmmen zwee Punkten Ofstand op d'Tabellespëtzt.
Am Opstig-Playoff vun der zweeter Liga an Norwegen huet Kongsvinger sech mam Lars Gerson 2:1 bei Egersunds IK behaapt. De Lëtzebuerger stoung wéi gewinnt de ganze Match um Terrain. Um nächste Sonndeg ass den decisive Match ëm den Opstig an déi iewescht Divisioun.
Eng wichteg Victoire gouf et an der zweeter belscher Liga fir Francs Borains. D'Ekipp vum Alessio Curci, deen no 65 Minutten agewiesselt gouf, konnt sech mat 3:0 zu Deinze behaapten.
An der selwechter Liga huet Beveren mam Laurent Jans sech 2:0 géint RVDM duerchgesat. De Kapitän vun de Roude Léiwe huet de ganze Match gespillt.
An der 1/16.-Finall vun der portugisescher Coupe huet AVS mat 2:3 bei Lusitano GC de Kierzere gezunn an ass domat eliminéiert. Bei AVS ass den Eric Veiga no enger gudder Stonn beim Stand vun 1:2 agewiesselt ginn.
An der zweeter polnescher Divisioun huet den Edvin Muratovic beim 1:1 tëscht Chrobry Glogow a senger Ekipp Odra Opole aus 11 Meter getraff. De Stiermer stoung an der Startformatioun a gouf an der 78. Minutt erofgeholl.
Fir Vojvodina gouf et an der ieweschter serbescher Liga en 0:0 géint Tekstilac Odzaci. Op Säite vu Vojvodina ass de Seid Korac an der Paus agewiesselt ginn.
Och Bastia huet an der zweeter Liga a Frankräich 0:0 géint den Tabellenzweete Lorient gespillt, dat souguer no enger rouder Kaart an der 32. Minutt. De Florian Bohnert ass no enger Stonn agewiesselt ginn.
An der éischter Liga an der Ukrain huet LNZ Cherkasy mat 0:2 bei Vorskla Poltava de Kierzere gezunn. Den Olivier Thill ass bei Cherkasy no 71 Minutte beim Score vun 0:2 agewiesselt ginn.
Freideg
Fir Köln gouf et an der zweeter Bundesliga eng knapp 1:0-Victoire zu Münster. De Mathias Olesen ass no enger Verletzung vum Hübers schonn an der 24. Minutt agewiesselt ginn a stoung och bis zum Schluss um Terrain.
An der zweeter éisträichescher Liga huet St. Pölten sech mat 1:0 bei der zweeter Ekipp vu Rapid Wien behaapt. Den Dirk Carlson stoung an der Startformatioun an huet de ganze Match gespillt.
Wisla Krakau a Stal Rzeszow hu sech an der zweeter polnescher Divisioun 1:1 getrennt. Op Säite vu Rzeszow war de Sébastien Thill wéi gewinnt ënnert den éischten 11 an huet déi 90 Minutten duerchgespillt.
An der zweeter Liga an Holland huet Den Bosch sech doheem misse mat 0:3 géint Excelsior Rotterdam geschloe ginn. Bei Den Bosch souz den David Jonathans op der Bänk, hien ass awer net zum Asaz komm.