Liverpool elo 8 Punkte viru ManCity

Arne Slot, Trainer vu Liverpool. / © AFP
ManU bleift a senger Lethargie stiechen. An der Bundesliga gewënnt Mainz géint schwaach Kieler. An Italien geet de positiven Trend vu Florenz weider.
Bundesliga
Kiel - Mainz 0:3
0:1 Amiri (11'), 0:2 Burkardt (37', Handeelefmeter), 0:3 Lee (53')
Mainz huet sech héichverdéngt mat 3:0 zu Kiel duerchgesat. D'Ekipp aus Norddäitschland huet sech a wéinege Situatioune bundesligatauglech gewisen. Schonn zur Paus war eigentlech kloer, dass Mainz de Match net verléiere géif, opgrond vun der Spilliwwerleeënheet. Mam séieren drëtte Gol no der Paus war den Deckel drop a Mainz huet nach dat Néidegst gemaach. Kiel bleift am Tabellekeller, wärend Mainz op Plaz 7 spréngt.
Gladbach - St. Pauli 2:0
1:0 Pléa (13'), 2:0 Kleindienst (44')
Mat der Victoire géint St. Pauli feiert Gladbach déi véiert Heemvictoire hannerteneen. D'Gäscht waren de ganze Match iwwer wuel beméit, mee Gladbach hat eng gutt Defense an déi besser Chancen. Mam zweete Gol kuerz virun der Paus kruten d'Hamburger en haarde Coup, dee si an der zweeter Hallschent net verdaut kruten. Gladbach huet am zweeten Duerchgang net méi gemaach wéi néideg.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Southampton - Llverpool 2:3
0:1 Szoboszlai (30'), 1:1 Armstrong (42', Eelefmeter), 2:2 Fernandes (56'), 2:2 Salah (65'), 2:3 Salah (83', Eelefmeter)
Liverpool kann d'Néierlag vu Manchester City vergolden an huet elo 8 Punkten Avance op den éischte Verfollger. D'Reds hu sech géint den Tabelleleschten awer schwéier gedoen. D'Ekipp vum Arne Slot war wuel spilliwwerleeën, huet awer ze wéineg aus hire Chancë gemaach. Dat huet sech virun der Paus an no der Paus gerecht, wéi Southampton a Féierung goung. Liverpool konnt awer an der Persoun vum Salah zwee Mol markéieren an dräi Punkte mat heem huelen.
Ipswich - Manchester United 1:1
0:1 Rashford (2'), 1:1 Hutchinson (43')
Den éischte Match vum neie ManU-Trainer Marques Amorim hat gutt ugefaangen, mee duerno sinn d'Red Devils an hir al Routine verfall an hunn et verpasst, de Sak zouzemaachen. Ipswich, Virleschten an der Premier League, konnt nach virun der Paus vun der Liichtfankegkeet vu Manchester profitéieren. Och no der Paus sinn d'Gäscht net zu klore Golchancë komm, woumat de Remis verdéngt ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Como - Florenz 0:2
0:1 Adli (19'), 0:2 Kean (68')
De positive Laf vun der Fiorentina geet weider. D'Ekipp aus der Toskana huet déi lescht 9 Matcher net verluer a ganzer 8 gewonnen. Dat huet si an den ieweschte Véierel vun der Tabell katapultéiert.
Neapel - AS Roum 1:0
1:0 Lukaku (54')
Neapel huet mat dëser Victoire nees d'Tabelleféierung iwwerholl an huet weiderhin ee Punkt Virsprong op Bergamo an Inter Mailand. D'AS Roum huet et mam neien Trainer net gepackt, den negativen Trend ëmzedréinen, a bleift am ënneschten Drëttel vun der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lille - Rennes 1:0
1:0 Zhegrova (45')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Leganés - Real Madrid 0:3
0:1 Mbappé (43'), 0:2 Valverde (66'), 0:3 Bellingham (85')
Real Madrid huet näischt ubrenne gelooss a Leganés dominéiert. Den Mbappé konnt d'Iwwerleeënheet vun de Madrileene virun der Paus an e Gol ëmmënzen. Den zweete Gol vum Valverde war schéin unzekucken, well hien e Fräistouss aus 22 Meter direkt verwandele konnt. Den Jude Bellingham huet den Deckel definitiv dropgemaach.