Ugangs der Woch hat den F91 Diddeleng fir den neutrale Futtball Spectateur nawell fir eng Iwwerraschung gesuergt.

Den Tabellenzweeten huet sech mat „effet immédiat“ vu sengem Trainer Marco Martino getrennt. En Donneschdeg huet de Veräin aus der Forge du Sud dunn annoncéiert, datt de Mika Pinto wäert an der Réckronn op der Bänk sëtzen, dat mam Claudio Lombardelli als Co-Trainer an dem Jonathan Joubert als Golkipptrainer.

Am RTL-Interview huet de President vum F91 Diddeleng erkläert, wisou een trotz enger Punkteméisseg gudder Hironn net derlaanscht koum, fir sech vum Marco Martino ze trennen.

Gerry Schintgen iwwer d'Trennung mam Marco Martino

„Ech weess, datt Trennung vum Marco (Martino) fir verschidden Aussestoend ganz iwwerraschend koum. Ech muss awer soen, datt mir iwwert déi lescht Wochen eng ongesond Ambiance festgestallt hunn, dat tëscht dem Trainer an de Spiller, mä awer och enger Partie Benevollen déi all Dag fir de Club schaffen. Dat Ganzt war virun allem och an der Kommunikatioun mat verschiddene Spiller, sou wéi och am Traitement mat Spiller ënnerschiddlech. An et gouf och deelweis kee Respekt géintiwwer Membere vum Conseil, déi Decisioune geholl hunn. Obwuel ëmmer nees Gespréicher gesicht goufe konnt awer net wierklech dat ëmgesat gi wat d'Direktioun verlaangt huet. Dofir hu mir decidéiert mat engem neien Elan an d‘Réckronn ze goen a vum 6. Januar un engem neien Trainer d‘Méiglechkeet ze gi besser Resultater a punkto Kommunikatioun a Gestioun vum Grupp ze maachen.“

Mam Mika Pinto sëtzt vum 6. Januar u keen Onbekannten op der Bänk vum F91 Diddeleng. Mat 32 Joer awer op en Neits ee ganz jonken Trainer.

Gerry Schintgen iwwer de Mika Pinto

„De Mika Pinto kennt de Club, hien ass ganz professionell. Hie war schonns Fitness Trainer ënnert dem Carlos Fangueiro. Duerno ass hie mat him op Hesper, respektiv a Portugal gaangen. Ugangs dëser Saison war hien d‘accord fir eise Coordinateur physique an och eise Co-Trainer ze ginn. Dofir hu mir am Sënn vun der Kontinuitéit decidéiert fir him deen Job unzebidden, zesumme mam Claudio Lombardelli an dem Jonathan Joubert.“

Den Ament steet den F91 Diddeleng mat 33 Punkten op der zweeter Plaz an der Tabell a géif deemno nees europäesch spillen.

Gerry Schintgen iwwer d'Ziler fir d'Réckronn

„Eis Ziler fir d‘Réckronn si ganz kloer, d‘Spëtzt ass dëst d‘Joer ganz no beieneen. Et si 5-6 Ekippen, déi fir déi europäesch Plazen a Fro kommen. Eisen Objektiv ass ganz kloer fir dëse Summer nees europäesch ze spillen, sief et iwwert de Wee vum Championnat oder vun der Coupe. An déi Ziler wäerten d‘Spiller an de Staff och e Méindeg de 6. Januar wann mir an d‘Réckronn starten nach eng Kéier ganz kloer gesot kréien.“

Den F91 spillt den 9. Februar fir den Optakt no der Wanterpaus zu Rouspert.