Um Donneschdeg huet d'Dammennationalekipp de fënneften an domat zweetleschte Match vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 gespillt. 

Auswäerts huet Lëtzebuerg däitlech mat 78:37 géint Bosnien-Herzegowina gewonnen. Vun der éischter Minutt un hunn d'Rout Léiwinnen de Match dominéiert. D'Anne Simon an d'Amanda Cahill hunn als staarken Duo an der Attack geglänzt a Lëtzebuerg louch an der Paus 35:19 a Féierung.

Nom Säitewiessel huet d'Selektioun vun der FLBB näischt méi ubrenne gelooss a fréizäiteg fir d'Entscheedung gesuergt. Bosnien hat de kollektiven Aktioune vun der Lëtzebuerger Dammennationalekipp näischt entgéint ze setzen, um Enn ass et deemno eng kloer Victoire fir d'Lëtzebuerger Dammen. 
Mat 25 Punkte konnt d'Profispillerin Anne Simon iwwerzeegen, d'Amanda Cahill huet 19 Punkten zur Victoire bäigesteiert.

D'Anne Simon ass houfereg op d'Victoire vun der Ekipp bei der EM-Qualifikatioun
Zwar hätt een um Ufank e bësse Chance gehat, datt Bosnien net all ze vill getraff huet, ma d'Lëtzebuerger Dammen hunn de Bosnier et net einfach gemaach.

Historesch Chance 

Um Sonndeg steet de sechsten an domat leschte Match vun der Qualifikatioun um Programm. Auswäerts am Montenegro geet et vu 16 Auer u fir d'Dammennationalekipp dorëms, en historeschen Exploit ze realiséieren a sech fir d'Europameeschterschaft 2025 ze qualifizéieren.

Am zweete Match vum Grupp H huet sech d'Schwäiz um Donneschdeg mat 55:47 géint Montenegro duerchgesat. E Resultat, dat Lëtzebuerg net an d'Kaarte spillt. Doduerch ass um Sonndeg souguer en Dräier-Vergläich méiglech tëschent Lëtzebuerg, Montenegro an der Schwäiz. Hei huet Lëtzebuerg aktuell dat beschte Punkteverhältnis, allerdéngs kéint eng héich Néierlag am Montenegro dozou feieren, dass een op Plaz 3 am Grupp zeréckfält. Mat enger Victoire qualifizéiert sech Lëtzebuerg als Gruppenéischten. Spannung ass fir e Sonndeg garantéiert!

Tabell am Grupp H

1. Lëtzebuerg (5 Matcher / 9 Punkten)
2. Montenegro (5 / 8)
3. Schwäiz (5 / 8)
4. Bosnien-Herzegowina (5/5)

Resultater vu Lëtzebuerg

Schwäiz – Lëtzebuerg 48:56
Lëtzebuerg – Bosnien-Herzegowina 77:64
Lëtzebuerg – Montenegro 71:49
Lëtzebuerg – Schwäiz 44:59
Bosnien-Herzegowina – Lëtzebuerg 37:78
9. Februar 2025: Montenegro – Lëtzebuerg (16:00)

RTL

© FIBA