Philadelphia Eagles iwwerrenne Kansas City Chiefs am Super Bowl

© AFP
An der Nuecht op e Méindeg stounge sech zu New Orleans am Caesars Superdome am 59. Super Bowl d'Kansas City Chiefs an d'Philadelphia Eagles géigeniwwer.
D'Kansas City Chiefs, ronderëm de Star-Quarterback Patrick Mahomes, stounge fir déi fënnefte Kéier bannent sechs Joer am Super Bowl, d'Eagles fir d'zweet bannent 3 Joer.
Am Super Bowl LIX waren d'Eagles vun Ufank un dominant. Si waren esouwuel op defensiver wéi offensiver Säit kloer déi besser Ekipp a wannen de Match um Enn däitlech mat 40:22. Fir d'Ekipp vu Philadelphia ass et no 2017 déi zweete Kéier, datt si de Super Bowl gewënnt.
Resumé vum Match
D'Philadelphia Eagles hunn am éischte Véierel als éischt gescored. No enger gudder Pass op den Jahan Dotson stoungen Jalen Hurts a Co. 1 Yard virun der Endzon vun den Chiefs. Deen Ament huet den Jalen Hurts fir den éischten Touchdown vun der Partie gesuergt an et stoung 7:0 fir d'Eagles. Mat deem Score goung och den 1. Véierel op en Enn. D'Chiefs hu sech an den éischte 15 Minutte virun allem offensiv extrem schwéier gedoen.
Direkt um Ufank vum zweete Véierel gouf et dunn awer en éischt Liewenszeeche vun den Chiefs. Den Eagles-Quarterback Jalen Hurts huet eng Pass Richtung Endzon geheit, ma d'Chiefs-Defense konnt de Ball offänken, esou dass Mahomes a Co. nees op den Terrain koumen. Déi konnten dovunner awer net profitéieren, well se hu mat engem 3&Out de Ball direkt nees ewechginn.
D'Chiefs sinn an der éischter Hallschent einfach net un d'Rulle komm. No engem Field Goal vun den Eagles stoung et 10:0 an an der Suite sollt et nach schlëmmer kommen. De Cooper Dejean huet eng Pass vum Mahomes ofgefaangen an huet de Ball an d'Endzon gedroen. Nom Pick 6 stoung et also scho 17:0 fir Philly.
Kuerz virum Enn vun der éischter Hallschent huet de Patrick Mahomes dunn eng weider Interception geheit. An der Suite huet den Jalen Hurts eng Touchdown-Pass op den AJ Brown geheit an et stoung 24:0. Et war eng erschreckend schlecht éischt Hallschent vum amtéierende Champion.
D'Chiefs hu sech deemno fir déi zweet Hallschent eng missen afale loossen. Ma d'Eagles waren och an der Ufanksphas vum 3. Véierel déi besser Ekipp. Mat gudde Leef vun Hurts a Barkley sinn d'Jonge vum Trainer Nick Sirianni nees bis kuerz virun d'Endzon vun den Chiefs komm. Um Enn ass awer nëmmen e Field Goal erausgesprongen, esou datt d'Eagles nawell op 27:0 erhéije konnten.
A bei den Chiefs huet d'Offensiv weider net funktionéiert. D'Jonge vum Trainer Andy Reid wollten hire véierte Versuch ausspillen, d'Pass vum Mahomes koum awer net un, deemno war de Ball schonn nees fort an dat a gudder Feldpositioun fir Philadelphia. An dës hunn d'Eagles äiskal ausgenotzt. Den Hurts huet eng herrlech Touchdown-Pass op de Smith gespillt an domat stoung et 34:0.
An der Suite gouf et dunn den éischte gudden Drive vun der Chiefs-Offense. Den Xavier Worthy huet eng Touchdown-Pass vum Mahomes gefaangen an esou konnt den Titelverdeedeger op d'mannst emol op 6:34 verkierzen. Et war kuerz virum Enn vum drëtte Véierel iwwregens och déi éischte Kéier, dass d'Chiefs iwwerhaapt an der géignerescher Hallschent waren.
No zwee weidere Field Goals vum Eagles-Kicker Jake Elliott war den alen Ecart vu 34 Punkten dunn awer nees hiergestallt, dat beim Stand vu 40 zu 6.
An der Schlussphas konnten d'Chiefs dunn nach eemol verkierzen, dat sollt awer näischt méi drun änneren, datt d'Eagles hiren zweete Super Bowl gewannen, dat um Enn mat 40:22.
D'Halftime Show mam Kendrick Lamar kënnt Dir Iech hei nach eemol am Replay ukucken.