Historesch VictoireMikaela Shiffrin feiert zu Sestriere hir 100. Victoire am Weltcup

RTL Lëtzebuerg
D'US-Amerikanerin huet e Sonndeg zu Sestriere an Italien de Slalom gewonnen. Et war eng historesch Victoire.
© AFP

Et war nämlech déi 100. Kéier, datt d’Mikaela Shiffrin am Weltcup ganz uewen um Podium stoung. Déi zweet Plaz war fir d’Kroatin Zrinka Ljutic (+0,61 Sekonnen) an op d’Plaz 3 koum déi zweet US-Amerikanerin Paula Moltzan (+0,64 Sekonnen).

Nieft der 100. Victoire war et och déi 155. Kéier, dass d’Mikaela Shiffrin um Podium stoung. Domat huet si och dee Rekord vum Ingemar Stenmark egaléiert. Déi schweedesch Schi-Legend hat wärend senger Karriär 86. Weltcup-Victoirë gefeiert.

Weider Resultater vum Wantersport e Sonndeg fannt Dir hei an eisem Artikel.

Back to Top
CIM LOGO