Nieft Schi-Alpin stoung e Sonndeg awer och nach Biathlon um Programm.

De Marco Odermatt huet beim Schi-Alpin-Weltcup zu Crans Montana an der Schwäiz de Super-G gewonnen. De Weltmeeschter aus der Schwäiz huet sech viru sengem Landsmann Alexis Monney (+0,28 Sekonnen) an dem Dominik Paris (+0,39 Sekonnen) behaapt.

De Marco Odermatt féiert och am Gesamtweltcup.

Bei den Dammen huet d'US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin zu Sestriere an Italien de Slalom gewonnen. Et war eng historesch Victoire.

Biathlon-WM

Um leschten Dag vun der Biathlon-WM zu Lenzerheider an der Schwäiz huet sech d'Schwedin Elvira Öberg (2 Feeler) Gold am Massestart geséchert. Sëlwer ass un d'Franséisin Oceane Michelon (+9,4 Sekonnen / 3 Feeler) gaangen a BronzE un d'Maren Kirkeeide (+16,5 Sekonnen / 3 Feeler) aus Norwegen.

Bei den Häre gouf et am Massestart en Triplé fir Norwegen. Den Endre Strömsheim (1 Feeler) huet sech virum Sturla Holm Laegreid (+12,40 Sekonnen / 2 Feeler) an dem Johannes Thingnes Bö (+12,70 Sekonnen / 4 Feeler) duerchgesat.

Fir de Bö war et an der leschter Course bei enger WM déi 43. Medail. Hien zitt um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng Karriär.