Déi 20 Joer jonk Nationalspillerin Isa Hämäläinen huet matgedeelt, dass si an Zukunft wäert an den USA studéieren a Basket spillen. 

Wéi d'Spillerin vun der Amicale Steesel iwwer Instagram matdeelt, spillt si ab der Saison 2025/26 fir d'Colorado Buffaloes. D'Nationalspillerin war déi lescht Deeg an den USA ënnerwee an huet sech verschidden Universitéiten ugekuckt. Déi renomméiert Basketekipp vu Colorado huet um Donneschdeg d'Méiglechkeet, sech fir de March-Madness-Tournoi ze qualifizéieren, wou och d'Ehis Etute mat den Oregon Ducks matspillt. Bei dësem Highlight vum Joer spillen déi stäerkste College-Ekippe géinteneen.

D'Isa Hämäläinen huet déi lescht Jore virun allem bei Jugend-Europameeschterschaften a bei der Dammennationalekipp op sech opmierksam gemaach, am Championnat zu Lëtzebuerg zielt si zu de stäerkste Spillerinnen.