Diddeleng klappt Steesel a steet an der Finall, Hiefenech fält eraus

© Shari Schenten
Um Samschdeg stoung an der Enovos League bei den Hären eng decisiv Halleffinall um Programm.
Hären
Hei konnt den T71 Diddeleng auswäerts zu Steesel den entscheedenden drëtte Match wannen an domat de Champion eliminéieren.
D'Partie huet fir d'Lokalekipp mat engem Schock ugefaangen: den Jarvis Williams huet no 3 Minutte misse verletzt vum Terrain. Hien huet kuerz drop nach emol probéiert, weiderzespillen, dëse Versuch allerdéngs no e puer Sekonnen ofgebrach.
Duerno huet sech eng intensiv a spannend Partie entwéckelt. An der Paus war de Score bei 38:37 quasi ausgeglach. De Bob Melcher an de Scott Morton hu probéiert, den Ausfall vum Williams ze kompenséieren, Diddeleng huet sengersäits ëmmer besser an de Match fonnt. E staarke Profispiller Edward Colbert huet dofir gesuergt, dass den T71 ronn 5 Minutte viru Schluss mat 10 Punkte Virsprong a Féierung louch. Steesel huet an enger hektescher Schlussphas
mat villen Emotiounen op béide Säiten nach emol alles probéiert, konnt d'Partie allerdéngs net méi dréinen.
Um Enn wënnt Diddeleng mat 82:77, den Edward Colbert konnt 43 Punkte fir d'Gäscht markéieren.
An der Finallserie, déi nächst Woch ufänkt an am "Best-of-five"-Modus gespillt gëtt, trefft Diddeleng op d'Etzella Ettelbréck. D'Ekipp aus dem Norden huet Heemvirdeel.
Hiefenech steet als zweeten Ofsteiger fest
Hei ass déi lescht Entscheedung gefall. Nieft Avanti Munneref fält d'US Hiefenech aus der Enovos League an d'Nationale 2, domat spille béid Opsteiger d'nächst Saison nees eng Divisioun méi déif.

© Guy Seyler
D'Musel Pikes rette sech duerch eng 72:63-Victoire zu Hiefenech an d'Relegatioun, wou d'Ekipp eng "best-of-three"- Serie géint den Drëtten aus der zweeter Liga spille wäert, entweder d'Kordall Steelers oder Schieren. De Tristin Walley huet 21 Punkte fir d'Gäscht markéiert an de Quentin Bouttet konnt 20 Punkten zur Victoire bäisteieren.
Um Sonndeg Mamer nach 107:92 géint Munneref gewonnen.