Et war just 30 Minutte laang den erwaarte Spëtzematch vum 7. Spilldag tëscht der Red Boys Déifferdeng an dem HB Diddeleng. Am zweeten Duerchgang hunn d’Gäscht hir Dominanz ausgespillt a genee wéi am September (31:23) kloer 31:25 gewonnen.
Déi éischt Hallschent war vu vill Kampf gepräägt a béid Ekippen hu sech näischt geschenkt. Trotz 4 Spillerinne manner konnt Déifferdeng déi éischt 30 Minutten ausgeglach gestalten. D’Golkipper hunn an den éischte Minutte keng Roll gespillt, mee no 8 Minutte koum d’Diddelengerin Emeline Hoé op Temperatur an huet 5 Paraden a 6 Minutte gewisen – si koum um Enn op 16 Paraden. An där Phas huet d’Golkippesch hir Ekipp am Match gehalen, well d’Red Boys eigentlech déi méi kloer Méiglechkeeten hat.
D’Fiiss konnten dovu profitéieren a sech e klenge Virsprong vu maximal 3 Goler erausspillen. D’Déifferdengerin Charlène Servant konnt sech eréischt an der 20. Minutt eng éischt Kéier auszeechnen, huet bis den Enn vun der Hallschent awer 5 Bäll gehalen – an hat no 60 Minutten 12 Paraden um Kont. Sou goung et mat 14:11 aus Diddelenger Siicht an d’Kabinnen.
Duerch de schlechte Restart vun deene Rouden (1:5) konnt Diddeleng de Sak fréi zoumaachen. Ausserdeem huet sech elo de klenge Kader bei der Red Boys bemierkbar gemaach an d’Kräfte sinn ëmmer manner ginn. Duerno huet sech Déifferdeng wuel net opginn, mee wann déi Rout verkierzen konnten, haten d’Gäscht ëmmer eng Äntwert parat. Sou blouf de Réckstand konstant.
Et war och de Retour vun der Lola Scheuren an der Sarah Kupke an d’Uewerkuerer Hal. D’Scheuren ass de Match ugaangen, "wéi wann et en Training wier", well si 20 Joer fir déi Rout gespillt hat. D’Kupke wär fir all Match motivéiert, dohier wär et fir si net grouss anescht gewiescht.
Um Bord vum Match war nach gewuer ze ginn, dass d’Rijalda Cilovic wéinst enger Bännerverletzung bis Enn des Joers ausfält. D’Lénkshännerin wäert hirer Ekipp domat an de verbleiwende Matcher net méi hëllefe kënnen.
De President faisant fonction vun der Red Boys Déifferdeng, de Luc Lordong, huet RTL nom Match matgedeelt, dass nach keen Nofollger fir de Stéphane Mina fonnt wär. An den nächsten Deeg géifen awer Gespréicher fir eng extern Léisung geféiert ginn. Den Elledy Semedo wär just fir den Interim virgesinn.
Den zweete wichtege Match vum 7. Spilldag war d’Partie tëscht dem Chev Dikrech an dem HC Standard. Hei goung et dorëms, wie sech déi bescht Ausgangspositioun fir de Kampf ëm Plaz 4 eruerwere kéint. D’Äntwert ass Dikrech.
D’Ekipp aus der Ieselsstad huet d’Gäscht aus der Haaptstad mat 33:9 iwwerrannt, dobäi hat et an der Paus 12:8 fir d’Lokalekipp gestanen. An der éischter Hallschent waren net vill Goler gefall, mee well dem Standard am zweeten Duerchgang just ee Gol (34. Minutt) gelongen ass, gouf d’Resultat um Enn sou däitlech. Am Allersmatch hate sech béid Ekippen nach 24:24 getrennt a ware virum Match punktgläich (3:9).
Wéi de Chev Dikrech e Samschdeg op de Sozialen Netzwierker matgedeelt huet ass säin Éierepresident a Grënnungsmember Roger Brachmond am Alter vu 94 Joer vestuerwen.
Och am drëtte Match war et eng kloer Ugleeënheet fir den amtéierende Coupegewënner HB Käerjeng. Dem Dan Mauruschatt seng Ekipp huet dem HB Museldall beim 30:20 keng Chance gelooss. Domat bleiwen déi Gréng den éischte Verfollger vum HBD, wärend d’Miseler weider op hir éischt Punkte waarde mussen.
Ënnert der Woch Déifferdeng den Nodrosmatch vum 4. Spilldag kloer 29:18 zu Dikrech gewonnen. Virun allem d'Lejla Sinani war mat 10 Goler gutt opgeluecht.
Den Häre-Championnat mécht eng weider Woch Paus wéinst dem Lännermatch e Sonndeg géint Schweden. Dëse Qualifikatiounsmatch fir d'EM 2028 gëtt um 16 Auer an der Coque ugepaff.
Nächste Weekend geet et da mam 8. Spilldag an dem Optakt vun der Réckronn weider.