
Um Wee fir an d’Final zu Tallahassee huet de Chris Rodesch den Argentinier Andrea Collarini (Nummer 193 an der Weltranglëscht) an den Dmitry Popko aus dem Kasachstan (Nummer 161 an der Weltranglëscht) eliminéiert. Och wann déi Matcher Confiance ginn hunn, huet an der Final mam Amerikaner Emilio Nava (Plaz 132 an der Weltranglëscht) keen einfache Géigner gewaart. Virun e puer Wochen huet de Chris Rodesch zu Sarasota nach géint Nava verluer. Zu Tallahassee sollt dem 23 Joer jonke Lëtzebuerger d’Revanche glécken.
Den éischte Saz hat de Chris Rodesch nach mat 4-6 verluer, ma de Lëtzebuerger konnt duerno awer mat 6-3 a 6-4 zréckkämpfen an de Match fir sech decidéieren.
Duerch dëse Succès sprengt de Chris Rodesch ob Plaz 177 an der Weltranglëscht. Dëst ass eng wichteg Positioun fir de weidere Verlaf vu senger Karriär well elo néi Dieren opginn.
Vill Zäit fir sech iwwert deen éischten Titel ob der Challenger Tour ze freeën, bleift dem Chris Rodesch net. Scho muer steet hie beim nächsten Tournoi zu Savannah am amerikanesche Bundesstaat Georgia um Terrain.