De Charel Grethen wënnt den Ouschterlaf zu Maacher






































































































































































































































Den Organisateur, CAEG Grevemacher, war houfreg, eng Rekordzuel vun 692 Aschreiwungen an der Haaptcourse iwwer 10 km kënnen ze mellen.
Rechent een dann nach déi verschidde Kanner a Jugendcoursen derbäi, da kënnt een no un Dausend erun. Déi vill Trikoten vun Arméi, Police an Douane sinn opgefall.
Dass eise Mëttelstrecke-Spezialist Charel Grethen mat ënnerwee war, huet dem Ouschterlaf dann och nach eng zousätzlech Resonanz ginn.
Aus enger Grupp vu 7 Leefer gouf et eng vu 5 an op de leschte Kilometer huet de Charel Grethen sech duerch d'Bascht gemaach fir virum Ungar Max Balazs ze gewannen. De Charel kënnt aus engem Stage aus Südafrika.
Den Toni Veigas, wënnt den Titel vun der Police, Arméi an Douane a gëtt de 7. am Generalklassement.
D'Lena Kieffer, eng fréier Top-Liichtathletin, kann 2 mol feieren. Eemol als Gewënnerin vum Ouschterlaf bei den Damen an als Championne vun der Police, Douane an Arméi.





































































































































































































































