Den Ufank vum Match war ausgeglach a béid Equipe hate Chancen op den éischte Gol. Dee sollt dunn an der 7.Minutt op Säite vun Déifferdeng duerch den Daniel Oliveira Garrido falen, deen seng Faarwen sou mat 1:0 a Féierung geschoss huet. Dono ass de Match hektesch ginn an et goufen am Laf vun der éischter Hallschent 3 Eelefmetere gepaff. 1 fir Déifferdeng an 2 fir Nidderkuer. Ragaangen ass awer just dem Adilson Fortes vum Progrès säin an et konnt een op Nidderkuerer Säit also kuerz viru Schluss vun der éischter Hallschent mat 1:1 ausgläichen.
No der Paus ass Déifferdeng allerdéngs schnell rëm mat 2:1 a Féierung gaangen. Dat duerch de Carlos André Soares. Nodeems am Laf vum Match souwuel den éischte, wéi och den zweete Golkipp vun Nidderkuer Rout kruten, huet de Progrès missten eng Zäit mat engem Feldspiller am Gol spillen. Dovunner konnt den FCD03 awer net profitéieren an sou ass et bis zum Schluss spannend bliwwen.
Virun allem Nidderkuer hat an der Schlussphase Chancen fir de Match auszegläichen, mee et soll awer beim 2:1 fir Déifferdeng bleiwen, déi esou déi 5 Coupe hannerteneen gewanne konnten.