Monnerech steet no Defaite géint d'Fola als éischten Ofsteiger fest

© Yan Baustert
D'Fola huet iwwerdeems nom 27. Spilldag nach rechneresch Chancen op de Barragematch.
Am Kellerduell konnt d'Fola sech knapp mat 1:0 zu Monnerech duerchsetzen. Monnerech huet domadder keng Chance méi op de Klassenerhalt a steigt an Éierepromotioun of. D'Fola huet nach eng theoretesch Chance op de Barragematch, dofir misst een awer déi dräi lescht Matcher gewannen.
Wolz huet zu Rouspert spéit den 1:1 geschoss kritt, woumat ee weider 3 Punkten hannert der Victoria bleift. Bei nach 3 verbleiwende Matcher huet Rouspert eng Avance vu 6 Punkten op d'Barrage-Plazen an dierft domat gerett sinn. Fir Wolz ass de Virsprong weiderhi just bei 3 Punkten, dat well dem 13. Rodange en 0:0 beim Champion Déifferdeng gelongen ass. Um virleschte Spilldag kënnt et zum direkten Duell tëscht Wolz a Rodange.
Duerch en 0:0 tëscht Beetebuerg an dem Racing ass den direkte Klassenerhalt fir Beetebuerg theoretesch nach méiglech, mat 8 Punkte Réckstand op d'rettend Ufer dierft et awer an de Barragematch goen.
Am Kampf ëm déi europäesch Qualifikatioun konnt Nidderkuer duerch en 3:1-Succès zu Hueschtert zwou Plaze guttmaachen, well de Racing a Stroossen Punkte leie gelooss hunn.
E Samschdeg hat Diddeleng sech scho kloer zu Hesper duerchgesat.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Hueschtert - Nidderkuer 1:3
0:1 Mazure (7'), 1:1 Ahmeti (17'), 1:2 Boesen (27'), 1:3 Burban (77', Eelefmeter)
Déifferdeng - Rodange 0:0
Rouspert - Wolz 1:1
0:1 Cavagnera (48'), 1:1 Steinbach (90+3')
Beetebuerg - Racing 0:0
Jeunesse - Stroossen 3:2
1:0 Soares (16', Eelefmeter), 2:0 Rodrigues (36'), 3:0 Nouidra (81'), 3:1 Hadji (85', Eelefmeter), 3:2 Bopaka (90+7')
Monnerech - Fola 0:1
0:1 Diakhité (51')
Péiteng - Munneref 1:2
0:1 Hasanbegovic (21'), 0:2 Fournier (61'), 1:2 Fuss (82')