Köln a Wolfsburg entloossen hir Traineren

© AFP
Bayern München ass no Leverkusener Gläichspill däitsche Champion. Chelsea klappt den englesche Meeschter Liverpool.
Bundesliga
Um Sonndeg den Owend koum d'Nouvelle dass de VFL Wolfsburg den Trainer Ralph Hasenhüttl no 8 Matcher ouni Victoire entlooss huet. Den U19-Trainer Daniel Bauer iwwerhëlt fir déi lescht 2 Matcher d'Ekipp aus der VW Staat. Wolfsburg hat e Samschdeg mat 0:4 géint Dortmund verluer.
Änlech Nouvelle ginn et och aus der 2. Liga an Däitschland. Do huet Köln nom 1:1 géint Regensburg reagéiert an den Trainer Gerhard Struber sou wéi och de Verantwortleche Sport Christian Keller entlooss. Köln huet e Samschdeg just 1:1 géint Regensburg gespillt a fäert esou de scho bal vir séchere gegleeften Opstig nach ze verspillen.
Bayern München ass iwwerdeems fir déi 34. Kéier däitsche Champion. Dat well Leverkusen net iwwert een 2:2 zu Freiburg eraus kennt.
Augsburg - Kiel 1:3
0:1 Machino (25', Eelefmeter), 0:2 Bernhardsson (41'), 0:3 Bernhardsson (51'), 1:3 Mounie (90')
Augsburg huet zwar besser an de Match fonnt, ma den Tabelleleschten aus Kiel huet sech effizient gewisen an ass duerch en Eelefmeter an e Kappball mat enger iwwerraschender Féierung an d'Kabinne gaangen. Direkt nom Säitewiessel huet de Bernhardsson de Match mat sengem zweete Gol vum Dag entscheet, woumat Kiel e weidert Liewenszeechen am Kampf géint den Ofstig vu sech gëtt.
Freiburg - Leverkusen 2:2
1:0 Eggestein (44'), 2:0 Hincapié (48', Selbstgol), 2:1 Wirtz (82'), 2:2 Tah (90+3')
Leverkusen huet keng inspiréiert Leeschtung gewisen an ass kuerz virum Säitewiessel duerch en Distanzschoss a Réckstand geroden. An der 48. Minutt huet e Selbstgol vum Hincapié fir den 2:0 gesuergt. Bis zu deem Moment hat d'Werkself nach kee Schoss ze verzeechnen. An der Schlussphas huet de Wirtz du mat engem Solo-Gol seng Klass ënner Beweis gestallt, éier den Tah per Kapp an der Nospillzäit ausgeglach huet. Leverkusen ass domat 33 Matcher op friemem Terrain ongeschloen, ma e Remis ass net duergaangen, fir nach Chancen op de Championstitel ze hunn. Bayern München ass domat fir déi 34. Kéier däitsche Champion.
Mainz - Frankfurt 1:1
0:1 Kristensen (16'), 1:1 Burardt (57')
An engem intensivem Rhein-Main-Derby deele sech Mainz a Frankfurt d'Punkten. Domat verpasst Frankfurt déi virleefeg Qualifikatioun fir d'Champions League iwwerdeems de Punkt fir Mainz wuel och ze mann ass, fir sech nach eng Kéier a Positioun em d'Qualifikatioun fir Europa ze bréngen..
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Brentford - Manchester United 4:3
0:1 Mount (14'),1:1 Shaw (27', Selbstgol), 2:1 Schade (33'), 3:1 Schade (70'), 4:1 Wissa (74'), 4:2 Garnacho (82'), 4:3 Diallo (90+5')
D'Gäscht vu Manchester hu fréi den éischte Gol markéiert, an der Suite huet Brentford awer dominéiert a konnt de Match nach virun der Paus dréinen. Zwee weider Goler no gutt 70 Minutten hunn d'Partie entscheet schénge gelooss, United huet allerdéngs nach eemol fir Spannung gesuergt. D'Red Devils bleiwen domat op der 15. Plaz, ofsteigen kann een awer net méi.
West Ham United - Tottenham 1:1
0:1 Odobert (15'), 1:1 Bowen (28')
Chelsea - Liverpool 3:1
1:0 Fernandez (3'), 2:0 Quansah (56'), 2:1 van Dijk (85'), 3:1 Palmer (90+7', Eelefmeter)
Wärend et fir Chelsea nach ëm d'Qualifikatioun fir d'Champions League geet, kann de frëschgebakenen englesche Champion aus Liverpool et méi roueg ugoe loossen. De Fernandez huet d'Blues esou scho fréi a Féierung geschoss, an no enger knapper Stonn huet e Selbstgol den zweete Londoner Gol besuergt. Dem van Dijk säi Kappball huet d'Partie nach eemol spannend gemaach, um Enn hält Chelsea awer déi dräi Punkten zu London.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Monza - Atalanta 0:4
0:1 De Ketelaere (12'), 0:2 De Ketelaere (23'), 0:3 Lookman (47'), 0:4 Brescianini (89')
Roma - Fiorentina 1:0
1:0 Dovbyk (45+5')
Kuerz virun der Paus konnt den Dovbyk d'Réimer no engem Corner per Kapp a Féierung bréngen. Et war eng Partie ouni vill Golchancen, an där et fir béid Ekippen ëm wichteg Punkten am Kampf ëm d'Qualifikatioun fir d'Champions League gaangen ass. Um Enn wënnt d'Roma knapp an huet domat weiderhi gutt Chancen op déi 4. Plaz, fir Fiorentina dierft dat elo schwéier ginn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Nantes - Angers 0:1
0:1 Allevinah (52')
Lyon - Lens 1:2
0:1 Koyalipou (21'), 1:1 Mikautadze (79'), 1:2 Zaroury (85')
Lens ass no engem Corner a Féierung gaangen an huet defensiv de ganze Match iwwer net allze vill zougelooss. An der Schlussphas konnt de Mikautadze den 1:1 per Kapp markéieren, ma kuerz drop huet den Zaroury de Match mat engem schéine Wäitschoss entscheet. Fir Lyon dierft et domadder schwéier ginn, fir sech nach fir Europa ze qualifizéieren.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Real Madrid - Celta Vigo 3:2
1:0 Güler (33'), 2:0 Mbappé (39'), 3:0 Mbappé (48'), 3:1 Rodriguez (69'), 3:2 Swedberg (76')
No enger ausgeglachener Ufanksphas, an där béid Ekippe gutt Chancen op d'Féierung haten, konnten de Güler an den Mbappé mat zwee schéinen Distanzschëss op 2:0 stellen. Direkt no der Paus huet den Mbappé nach een dropgesat, woumat d'Partie entscheet geschéngt huet. D'Gäscht hu sech awer net opginn an hunn de Madrilenen duerch zwee Goler nach eemol Problemer bereet, um Enn sollt et awer net méi fir e Punkt duergoen.
Sevilla - Leganés 2:2
0:1 El Haddadi (7'), 1:1 Salas (21'), 2:1 Romero (70'), 2:2 Hernandez (73')