21. Editioun vun der FIFA-Club-WM an engem neie Format

Vum 14. Juni bis den 13. Juli streide sech 32 Ekippen an den USA ëm den Titel.
Bis ewell gouf d'FIFA Club-WM all Joer gespillt. Mat dobäi waren déi sechs Gewënner vun de wichtegste Kontinental-Kompetitiounen an eng Ekipp vum Organisateur. Vun dësem Joer un ass dat awer anescht. 2025 ginn et 32 Participanten, dovu prinzipiell nëmmen zwee Veräiner aus deem selwechte Land. D'Ausnam si Clibb, déi tëscht 2021 an 2024 eng vun de Kontinental-Kompetitioune gewonnen hunn. Donieft hu sech beispillsweis Ekippe wéi Bayern München a Borussia Dortmund iwwert d'Véier-Jores-Wäertung vun der UEFA qualifizéiert. Dat neit Format vun der FIFA-Club-WM gëtt all 4 Joer organiséiert.
UEFA (Europa, 12 Ekippen): Déi lescht 4 Gewënner vun der Champions League. Donieft och déi 8 bescht Ekippen aus deene leschte 4 Joer. (3. Plaz: Bayern München, 6. Plaz: Borussia Dortmund)
CONMEBOL (Südamerika, 6 Ekippen): Déi lescht 4 Gewënner vun der Copa Libertadores. Donieft déi bescht zwou Ekippen aus deene leschte 4 Joer.
CONCACAF (Nord- an Zentralamerika, 4 Ekippen): Déi lescht 4 Gewënner vum CONCACAF Champions Cup.
CAF (Afrika, 4 Ekippen): Déi lescht 4 Gewënner vun der CAF Champions League.
AFC (Asien, 4 Ekippen): Déi lescht 4 Gewënner vun der AFC Champions League Elite.
OFC (Ozeanien, 1 Ekipp): Dee beschte Veräin aus deene leschte 4 Joer an der OFC Champions League.
Donieft ass awer och eng Ekipp aus dem Land vum Organisateur mat dobäi. 2025 ass dat Inter Miami ronderëm de Lionel Messi.
Spillformat
Gespillt gëtt an aacht Gruppen an 12 verschiddene Stadien. Déi bescht zwou Ekippen aus all Grupp qualifizéiere sech fir d'Aachtelsfinallen. Lass geet et de 14. Juni mat der Partie tëscht Al Ahly an Inter Miami.
Grupp A: Palmeiras, Porto, Al Ahly an Inter Miami.
Grupp B: Paris Saint-Germain, Atlético Madrid, Botafogo a Seattle Sounders.
Grupp C: Bayern München, Auckland City, Boca Juniors a Benfica Lissabon.
Grupp D: Flamengo, Espérance Sportive de Tunis, Chelsea a Los Angeles FC.
Grupp E: River Plate, Urawa Red Diamonds, Monterey an Inter Mailand.
Grupp F: Fluminense, Borussia Dortmund, Ulsan HD a Mamelodi Sundowns.
Grupp G: Manchester City, Wydad, Al Ain a Juventus Turin.
Grupp H: Real Madrid, Al Hilal, Pachuca a Salzburg.
Wat ännert sech nach?
Doduerch datt d'FIFA-Club-WM tëscht dem Juni a Juli gespillt gëtt, genau wärend der Zäit, wa verschidde Spiller-Kontrakter auslafen, huet déi international Futtballfederatioun eng extra Transfert-Fënster placéiert. Spiller, déi an där Zäit wiesselen, kënnen awer nëmme fir ee Veräin op der Club-WM spillen.
Dat aalt Format vun der FIFA-Club-WM mat manner Ekippe bleift weiderhin ënnert engem aneren Numm bestoen. Zanter deem leschte Joer spillen déi sechs Gewënner vun de Kontinental-Kompetitiounen ëm den "Intercontinental Cup" géinteneen. De Gewënner vun der UEFA Champions League ass direkt fir d'Finall gesat. Déi aner 5 Ekippe spillen an engem Play-Off ëm eng Plaz an der Finall. Bei der éischter Editioun 2024 konnt sech Real Madrid duerchsetzen.