Et ass offiziell
Raphael Duarte gëtt Co-Trainer bei Werder Bremen

© Werder Bremen (W.de)
En Donneschdeg huet de Veräin aus der Futtball-Bundesliga de Wiessel vum Lëtzebuerger Co-Trainer offiziell matgedeelt.
De Raphael Duarte gëtt Co-Trainer beim Traditiounsveräin Werder Bremen an der éischter däitscher Futtball-Bundesliga. Den 29 Joer ale Lëtzebuerger bleift domadder un der Säit vum Horst Steffen, dee virun zwou Wochen offiziell als Trainer an der "Hansestadt" presentéiert gouf.
Déi lescht dräi Joer war de Raphael Duarte schonns Co-Trainer vum Horst Steffen beim SV Elversberg. De Veräin aus dem Saarland hat et dëst Joer an d‘Barragematcher fir an d‘Bundesliga gepackt.
De Steffen huet zu Bremen d'Successioun vum Ole Werner iwwerholl.
Am meeschte gelies