Déifferdeng muss an de Kosovo, Diddeleng rëm op Andorra an de Racing a Georgien

En Dënschdeg de Mëtteg goufen zu Nyon an der Schwäiz d'Partien aus der 1. Qualifikatiounsronn fir d'UEFA Champions League a Conference League ausgeloust.
De Lëtzebuerger Champion Déifferdeng spillt am 1. Tour géint den FC Drita, de Champion aus Kovoso. Den éischte Match spillt d'Ekipp ronderëm de Kapitän Geoffrey Franzoni den 8. oder 9. Juli auswäerts am Kosovo. D'Retourpartie ass dann fir déi Woch drop ugesat.
Och déi béid Géigner vum F91 Diddeleng an dem Stater Racing an der 1. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun stinn zanter en Dënschdeg fest. Den F91 krit et mam Atlètic Club d'Escaldes aus Andorra ze dinn, géint déi d'Ekipp aus der Forge de Sud d'lescht Saison 1:0 an 2:0 gewonnen a sech domadder fir den zweeten Tour qualifizéiert huet. De Stater Fusiounsveräin spillt géint den FC Dila Gori aus Georgien.
D'Allersmatcher sinn den 10. Juli. Eng Woch drop stinn dann d'Retourpartien um Programm. Den F91 spillt den 1. Match auswäerts, de Stater Racing dogéint doheem.