Nodeems d'FLT-Damme géint Island a Montenegro wanne konnten, war et um Mëttwoch géint d'Spillerinnen aus Finnland eng 0:2 Néierlag.

Um drëtte Spilldag an der Europa Grupp III zu Chisinau a Moldawien hunn déi Lëtzebuerger Damme sech mat 0:2 géint staark Finninne musse geschloe ginn. Am éischten Eenzel huet d'Eléonora Molinaro mat 2:6 a 4:6 géint d'Laura Hietaranta de Kierzeren gezunn.

Am zweete Simpel huet d'Marie Weckerle am Duell tëscht de béiden Nummer 1. mat 3:6, 3:6 géint d'Anastasia Kulikova verluer. Den Dubbel gouf am Uschloss net méi gespillt.

No Victoirë géint Island a Montenegro an der Defaite géint Finnland schléissen d'FLT-Spillerinnen d'Poule A op der zweeter Plaz of. Si spille vun en Donneschdeg u géint déi weider Zweetplacéiert aus der Gruppephas ëm d'Plaze véier bis sechs.