Zanter e Méindeg huet den IOC en neie President. Fir d'éischte Kéier eng Fra.

D’Kirsty Coventry huet e Méindeg um 131. Anniversaire vun der Grënnung vum Internationalen Olympesche Comité als éischt Fra d’Spëtzt vun der Organisatioun iwwerholl. Déi 41 Joer al Simbabwerin huet bei enger Zeremonie am IOC-Sëtz zu Lausanne offiziell d’Amtsgeschäfter vum Thomas Bach iwwerholl, deen 2013 als néngte President gewielt gi war an no zwielef Joer am Amt regulär zerécktrëtt. Aus den Hänn vun der Coventry krut hien e Méindeg den Olympeschen Uerden a Gold iwwerreecht.

D’Coventry krut vum Bach e gëllene Schlëssel mat de fënnef olympesche Réng an huet hirem Virgänger fir seng "Leidenschaft an Engagement iwwer zwielef Joer" Merci gesot. Hien hätt "eis duerch extrem turbulent Zäite gefouert".
D’Coventry huet kloer gemaach, datt si d'Linn vum Bach wëlles huet weiderzeféieren. D’olympesch Beweegung wier "eng Plattform, déi de Mënschen erlaabt, hir Dreem ze verwierklechen". Als IOC-Presidentin wéilt si "weider Inspiratioun bidden a Liewe veränneren". Wéi och de Bach ëmmer nees, huet si déi aner IOC-Memberen zum Zesummenhalt opgeruff: "Eis Beweegung ass wéi e Spannennetz – komplex, schéin a staark. Mee se funktionéiert just, wa mir zesummeschaffen."

D’Coventry war den 20. Mäerz bei der 144. IOC-Vollversammlung am griichesche Costa Navarino schonn am éischte Walgang als Nofollgerin vum Bach gewielt ginn. Déi zweefach olympesch Goldmedailegewënnerin am Schwamme gouf vum gebiertege Würzburger ënnerstëtzt, war Member vun der IOC-Exekutiv a war seng Wonschnofollgerin.

De Bach, selwer Olympiagewënner am Fechten 1976, huet mat der Amtsiwwerreechung och seng IOC-Memberschaft néiergeluecht. Hie war awer schonn am Mäerz vun de Membere zum Éierepresident gewielt ginn.

Beim Kirsty Coventry wäert "déi olympesch Beweegung a beschten Hänn sinn, dofir sinn ech haut zefridden, dankbar a voller Freed", sou de Bach an huet den IOC-Memberen zougeruff: "Mat hirer Wal hutt Dir e staarke Message un d'Welt geschéckt." D’Coventry wäert "ëmmer eis Wäerter op éischt Plaz stellen".

Schonn dëse Mëttwoch an Donneschdeg hält d’Coventry, déi fir aacht Joer gewielt ass, hir éischt Exekutivsëtzung.