Mam Chris Rodesch ass dëst Joer ee Lëtzebuerger beim drëtte Grand Slam vun der Saison dobäi.

De Chris Rodesch steet zu Wimbledon an der zweeter Ronn vun der Qualifikatioun. De Lëtzebuerger huet sech e Méindeg an zwee Sätz mat 6:2 a 6:4 géint de Matteo Gigante aus Italien behaapt.

De Matteo Gigante steet am ATP-Ranking op Plaz 134. De Chris Rodesch ass den 163..

Am zweeten Tour vun der Qualifikatioun kritt de Rodesch et mam Mark Lajal (ATP-Ranking 167) aus Estland ze dinn.