Palmeiras an Chelsea stinn an der Véierelsfinall

© Photo by Federico PARRA / AFP
An der éischter 1/8-Finall vun der Club-WM huet sech Palmeiras am brasilianeschen Duell géint Botafogo no Verlängerung duerchgesat.
No 120 Minutte stoung et 1:0 fir Palmeiras géint Botafogo. Palmeiras steet domadder als éischt Ekipp an der Véierelsfinall vun der Club-WM. Et war eng verdéngte Victoire, well déi Gréng-Wäiss och an der regulärer Spillzäit méi vum Match an déi besser Chancen haten. Botafogo stoung defensiv stabil huet sech an d'Verlängerung gerett. An der 100. Minutt konnt den agewiesselte Paulinho den entscheedende Gol vun der Partie markéieren. Duerno sollt um Terrain näischt méi passéieren, obwuel de Gomez vu Palmeiras 5 Minutte viru Schluss déi giel-rout Kaart gewise krut.
An der Véierelsfinall trëfft Palmeiras op Chelsea, déi sech an der Nuecht op e Sonndeg um Enn kloer géint Benfica mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro konnten duerchsetzen. D'Resultat vu 4:1 huet awer net wierklech de Verlaf vum Match erëmgespigelt. No engem 0:0 an der Paus war Chelsea an der 64. Minutt duerch den James a Féierung gaangen. Dëse Virsprong konnten d'Englänner awer net iwwer d'Zäit retten, well den Di Maria huet an der 95. Minutt vum Punkt getraff an esou eng Verlängerung erzwongen. Ma hei huet Benfica sech d'Liewe selwer schwéier gemaach, well de Prestianni huet hei schonn no zwou Minutte seng zweet giel Kaart gesinn an huet dierften dusche goen. Chelsea huet awer bis nom Säitewiessel gebrauch, fir d'Iwwerzuel auszenotzen. No 108 Minutten huet den Nkunku seng Faarwen nees a Féierung bruecht. De Pedro Neto (114') an den Dewsbury-Hall (117') hunn dunn den Deckel drop gemaach.