Out fir de Chris Rodesch am éischten Tour
Géint de Chileen Cristian Garin gouf et eng Defaite an 3 Sätz fir de Lëtzebuerger.
Nodeems en d'Qualifikatioun iwwerstanen hat, war et e Méindeg am Nomëtteg den éischten Optrëtt vum Chris Rodesch am Haapttableau vun engem Grand-Slam-Tournoi. Ufanks sollt de Lëtzebuerger géint de Pablo Carreno Busta spillen. De Spuenier hat sech awer aus dem Tableau zeréckgezunn, doduerch krut de Chris Rodesch den Chilen Christian Garin als neie Géigner am 1. Tour zougeloust.
Am éischte Saz war et bis zum 6:5 eng ausgeglache Partie. Bis dohin hat just de Chilen sech eng Kéier ee Breakball kënnen erausspillen. Am 12. Jeu war de Rodesch dunn ënner Drock gerode mat zwee Sazbäll géint sech, déi en awer erfollegräich ofwiere konnt. Den Tiebreak huet mussen entscheeden. Do konnt de Lëtzebuerger sech als Éischten e Sazball erspillen, dee vun der Nummer 110 am ATP-Ranking awer ofgewiert gouf. Dem Garin säin nächste Sazball sollt näischt abréngen, grad esou wéi deen nächste fir de Lëtzebuerger. Um Enn war den éischte Set dunn awer no 56 Minutten, op Duebelfeeler vum Rodesch hin, mat 10:8 fir de Garin.
Am zweete Saz konnt de Chilen de Lëtzebuerger beim Stand vun 2:2 breaken. Bei 5:4 fir de Garin krut de Rodesch dunn d'Chance, sengem Géigner de Service ofzehuelen. 3 Breakbäll waren awer net genuch. De Chilen, deen am zweeten Duerchgang de bessere Spiller war, konnt dogéint säin zweete Sazball notzen an no 45 Minutten den zweete Set 6:4 fir sech decidéieren.
Am Saz Nummer 3 huet d'Hëtzt béide Spiller ze schafe gedoen. Bei 4:4 konnt de Garin, deen et zu Wimbledon schonn an d'Véierelsfinalle gepackt hat, e Breakball notzen an a Féierung goen. Eis Nummer 163 op der Welt krut sech dono net méi gewiert, an de Garin konnt no zwou Stonnen an 13 Minutte Spillzäit direkt säin éischte Matchball zum 6:4 verwandelen.