Liverpool-Star Diogo Jota bei Autosaccident ëm d'Liewe komm

© AFP Archivbild
De Liverpool-Stiermer ass en Donneschdeg un de Suitte vun engem Autosaccident a Spuenien gestuerwen.
Eng traureg Nouvelle kënnt en Donneschdeg aus dem Futtball. De Liverpool-Star Diogo Jota ass am Alter vun 28 Joer bei engem Verkéiersaccident gestuerwen.
De portugiseschen Nationalspiller, dee fir Liverpool gespillt huet, war zesumme mat sengem méi jonke Brudder André Silva (25 Joer), Profi bei Penafiel an der zweeter portugisescher Liga, ënnerwee. Och hien ass beim Accident ëm d’Liewe komm.
De portugisesche Futtballverband huet sech zudéifst betraff vum Doud vun den zwee Futtballer Diogo Jota an André Silva gewisen. Den Diogo Jota wier net nëmmen e fantastesche Spiller gewiescht, "ma och een aussergewéinleche Mënsch, dee vun all senge Mat- a Géigespiller respektéiert gouf, deen eng ustiechend Freed ausgestraalt huet an e Bezuchspunkt a senger Gemeinschaft war."
Och den FC Liverpool huet sech schockéiert vum fréien Doud vu sengem Spiller gewisen.
De fréieren Trainer vu Liverpool Jürgen Klopp huet iwwer déi sozial Medien emotional Äddi gesot.
Medieberichter no wier hiren Auto op der Autobunn 52 op Héicht vun der Gemeng Cernadilla an der Provënz Zamora a Spuenien vun der Strooss ofkomm an a Flamen opgaangen. Den Accident soll kuerz no Hallefnuecht en Donneschdeg geschitt sinn.
Den Diogo Jota hat eréischt den 22. Juni seng Frëndin bestuet. D'Koppel huet zesummen dräi Kanner, déi 2021, 2023 an 2024 op d'Welt komm sinn.
Den Diogo Jota huet zanter September 2020 fir den FC Liverpool gespillt. Virdru war hie fir d'Wolverhampton Wanderers, den FC Porto, Atletico Madrid an den FC Pacos de Ferreira aktiv. Mat de Reds hat hien d'lescht Saison den Titel an der Premier League gefeiert. A mat Portugal hat hien Ufank Juni d'Finall vun der Nations League gewonnen.