FLF verlängert Kontrakt mam Luc Holtz net
Op den 31. Dezember 2025 leeft dem Luc Holtz säi Kontrakt als Trainer vun der Futtballnationalekipp aus, a gëtt net verlängert.
No enger grëndlecher Analys vun der sportlecher Situatioun, zesumme mam Luc Holtz, huet de Conseil d'Administration vun der FLF d'Decisioun geholl, de Kontrakt mam Nationaltrainer net ze verlängeren, deen op den 31. Dezember 2025 domat auslafe wäert.
Hei den offizielle Communiqué vun der FLF.
Mat dëser Annonce wëllt de Conseil dem Trainer, de Spiller, dem Staff an allen implizéierte Persoune géintiwwer transparent sinn, fir esou eng méiglech gutt Preparatioun vun der WM-Qualifikatioun ze garantéieren, déi am September wäert ufänken. D'FLF wéilt an aller Rou a mat voller Konzentratioun dës wichteg Campagne ugoen. De Luc Holtz wäert deemno nach an der WM Qualifikatioun vu September un op der Bänk setzen. Hien gouf 2010 Futtball Nationaltrainer.