Fir de Südtiroler ass et säi 4. Grand-Slam-Titel - deen éischten op Gras. An der Finall klappt hien a 4 Sätz de Carlos Alcaraz.

De Jannik Sinner setzt sech um Sonndeg den Owend beim 3. Grand-Slam Tournoi vun der Saison, de Wimbledon Championships, an 4 Sätz mat 4:6, 6:4, 6:4 a 6:4 géint de Spuenier Carlos Alcaraz duerch. Hien hellt domat Revanche fir déi verluere French Open Finall viru 5 Wochen.

D’Nummer 1 op der Welt, den Italieener Jannik Sinner, krut et mat der Nummer 2, dem Spuenier Carlos Alcaraz ze dinn. Den 23-järege Südtiroler huet Wimbledon a senger Karriär nach ni gewonnen gehat iwwerdeems sech de Carlos Alcaraz um hellege Wuess zu London 2023 a 2024 als Gewënner konnt feiere loossen. Kuckt een sech déi lescht 5 Matcher un, an deenen sech béide Spiller géigeniwwer stoungen, fält engem op dass de Carlos Alcaraz déi all fir sech konnt entscheeden. Deemno ass de Spuenier och als liichte Favorit an de Match gaangen.

Mat engem fulminante leschte Ballwiessel huet de Carlos Alcaraz de leschte Winner am 1. Saz konnte setzen a gewënnt dann och de Saz Nr 1. mat 6:4.

Direkt am Ufank vum 2. Saz huet de Jannik Sinner de Spuenier dunn awer direkt konnte breaken, an huet dëst bei eegenem Opschlag konnte konfirméieren. De Carlos Alcaraz hat zu dësem Zäitpunkt allgemeng Problemer mam Opschlag, sou dass de Jannik Sinner den zweete Saz mat 6:4 fir sech entscheede konnt.

Am drëtte Saz huet sech dem Carlos Alcaraz seng Schwächt beim Opschlag weidergezunn. Säin Géigeniwwer huet säin Opschlag dogéint perfektionéiert, huet 7 Acen geschloen, a konnt esou de Grondstee leen fir den drëtte Saz mat 6:4 fir sech ze entscheeden.

De Jannik Sinner huet zu dësem Zäitpunkt, um Ufank vum 4 Saz, quasi perfekten Tennis gespillt a kaum nennenswäert Feeler gemaach. Aneschters de Spuenier. De Carlos Alcaraz war wuel beméit, mee den 22-järege sollt net mei zeréck zu sengem gewinnte Spill fannen. De Jannik Sinner séchert sech net nëmmen de 4 Saz mat 6:4, mee gewënnt fir eng Éischte Kéier a senger Karriär Wimbledon.