Titelverdeedeger England setzt sech knapps no Eelefmeterschéissen duerch

© SEBASTIEN BOZON / AFP
En Donneschdeg den Owend stoung déi zweete Véierelsfinall op der Futtball-EM bei den Dammen um Programm. Hei koum et zum Duell tëscht Schweden an England.
Nodeems e Mëttwochowend sech d'Italieenerinne géint Norwegerinne mat 2:1 duerchsetzen an domadder den Ticket fir d'Halleffinall léise konnten, war et en Donneschdeg un de Schweedinnen an den Englännerinnen. No flotten 90 Minutte gouf et keng Gewënnerin um Terrain an och no der Verlängerung war nach net kloer, wie als Gewënnerin vum Terrain goe géing. Am Eelefmeterschéisse konnt sech dunn England mat 5:4 géint Schweden duerchsetzen a soumat an d'Halleffinall anzéien.
Schweden war an der éischter Hallschent déi besser Ekipp. Esou waren d'Schweedinne méi zilorientéiert, si hu méi séier a konsequent no vir gespillt an waren dobäi och nach méi effizient an der Chancëverwäertung. Dëst hunn déi schweedesch Dammen direkt an der zweeter Minutt ënner Beweis gestallt. No engem englesche Ballverloscht ass et op eemol ganz séier gaangen an d'Blackstenius huet op d'Asllani opgeluecht, wat vill Plaz an Zäit hat an de Ball dunn ënne lénks am englesche Gol ënnerbruecht huet. D'Hampton am Gol war ouni Chance. An der 25. Minutt sollten d'Schweedinne fir d'zweet äiskal zouschloen. Dës Kéier war et d'Zigiotti wat d'Blackstenius op eng Rees geschéckt huet. Déi 29 Joer al Schweedin ass doropshin iwwert déi riets Säit a Richtung englesche Gol marschéiert, huet sech géint hir Géignerinne schéin duerchgesat an huet de Ball dunn am Fënnef-Meter-Raum aus spatzem Wénkel am Gol ënnerbruecht. Et stoung deemno scho relativ fréi 2:0 a mat dësem Score sollt et dunn och an d'Paus goen. Allerdéngs haten d'Englännerinnen och e puer gutt Occasiounen, mä Hemp, Russo a Co. sinn entweder um Potto oder um schweedesche Golkipp Falk hänke bliwwen.
No der Hallschent kruten d'Spectateuren e Match ze gesinn, an deem sech déi béid Formatiounen näischt geschenkt hunn. Et ass op an of gaangen a béid Ekippen haten eng sëllege Golchancen. Esou krut d'Hemp de Ball an der 51. Minutt esou just net op de Gol gekäppt, wougéint d'Asllani an der 55. Minutt no engem séiere Konter am 1-géint-1 mam Hampton de Kierzere gezunn an de Score soumat net op 3:0 gestallt huet. Den nächste Gol sollt awer op Säite vun England falen an dat an der 79. Minutt. D'Kelly hat vill Plaz fir eng Flank ze schloen an huet am Strofraum d'Bronze fonnt, wat de Ball aus kierzter Distanz mam Kapp am Gol ënnerbruecht huet. An nëmmen zwou Minutten drop huet England de Matchverlaf duerch d'Agyemang komplett op d'Kopp geheit, nodeems en zweete Ball bei der jonker Spillerin vu Brighton & Hove Albion gelant ass, déi dësen humorlos am Gol ënnerbruecht huet. Duerno sollt kee Gol méi falen, soudatt et beim Stand vun 2:2 an d'Verlängerung gaangen ass.
An dëser sollte keng Goler falen. Deemno sollt d'Entscheedung, wien de Match fir sech entscheede wäert, am Eelefmeterschéisse falen. Am Eelefmeterschéissen hu souwuel op englescher ewéi och op schweedescher Säit Spillerinnen Nerve gewisen. Um Enn hunn d'Englännerinnen awer de längeren Otem. Si setze sech am Eelefmeterschéissen duerch a gewannen de Match 5:4.