Déifferdeng wënnt och Retourmatch géint The New Saints a steet am 3. Quali-Tour
En Dënschdeg stoung fir Déifferdeng de Retourmatch vun der 2. Qualifikatiounsronn an der Conference League um Programm, wou et géint Waliser gaangen ass.
Nodeems déi Déifferdenger sech mat der 1:0-Victoire am Allersmatch a Wales eng gutt Ausgangspositioun verschafe konnten, ass et en Dënschdeg den Owend am Retourmatch dorëms gaangen, fir dëse Virsprong iwwert d'Zäit ze bréngen. Dëst sollt de Minetter och geléngen. Um Enn ka sech den FC Déifferdeng 03 am Retourmatch mat 1:0 géint The New Saints behaapten a steet domadder am drëtten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun.
Hei heescht de Géigner dann FCI Levadia Tallinn a kënnt aus Estland. Si konnte sech an hirem Match géint de georgesche Veräin FC Iberia 1999 duerchsetzen.
FC Déifferdeng 03 - The New Saints 1:0
1:0 Hadji (68', Eelefmeter)
Déi Déifferdenger Lokalekipp an d'Gäscht aus Wales hu sech an den éischte 45 Minutten näischt geschenkt. Esou ass et dacks zu haarden Zweekämpf komm. Dëst huet awer dofir gesuergt, datt de Match dacks ënnerbrach war an datt kee richtege Spillfloss opkomm ass. Doriwwer eraus stoung den Arbitter an der éischter Hallschent och méi am Mëttelpunkt, ewéi béid Formatiounen. Esou ass dësen duerch eng sëllegen Entscheedungen opgefall, déi fir vill Opreegung, virun allem op Déifferdenger Säiten, gesuergt hunn: An der 22. Minutt gouf den Hadji am Strofraum vun de Been geholl an et hätt een duerchaus op en Eelefmeter decidéiere kënnen. Allerdéngs ass dem Arbitter seng Päif stomm bliwwen. Kuerz dorobber leeft The New Saints e Konter, mä de Stiermer stoung dobäi awer an abseitsverdächteger Positioun. Op en Neits huet den Arbitter net gepaff. Um Enn konnten de Felipe am Déifferdenger Gol an den D'Anzico de Konter in Extremis klären, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. Eng leschte Kéier ass den Arbitter an der 36. Minutt opgefall. Hei huet de Lempereur am Strofraum ofgezunn, woubäi e walisesche Spiller de Schoss kloer mat der Hand blockéiert huet, mä Déifferdeng sollt alt nees keen Eelefmeter kréien. Soss ware Golchancen am Match awer rar geseent a béid Formatioune si jeeweils just nach eng Kéier geféierlech virum géigneresche Gol opgedaucht. The New Saints an der 28. Minutt, wou de Brobbel no engem Corner per Volley ofgezunn huet an de Brusco de sate Schoss mam Kapp deviéiere konnt an Déifferdeng an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent. Do war den Hadji op eemol aus dem Näischt fräi virum Shepperd am walisesche Gol opgedaucht, konnt de Ball awer net aus spatzem Wénkel un dësem laanschtschéissen. Deemno ass et mat engem 0:0 an d'Paus gaangen.
No der Paus haten déi Déifferdenger direkt zwou honnertprozenteg Chancen: An der 50. Minutt ass en héije Ball an déi walisesch Hallschent geflu komm. Dësen huet den Abreu mam Kapp verlängert an dobäi de Ball direkt an de Laf vum Mfoumou gespillt, deen dunn eleng a Richtung Golkipp gelaf ass. Dem jonke Spiller hunn am decisive Moment allerdéngs d'Nerve versot, soudatt dësen de Ball nieft de Gol gesat huet. Nëmmen eng Minutt méi spéit war et nees den Mfoumou, deen aus enger gudder Positioun verzunn an domadder eng weider gutt Occasioun verträntelt huet. Mä déi Déifferdenger waren elo besser am Match an e Gol fir d'Lokalekipp louch an der Loft. Esou och an der 55. Minutt, wou de Pinto e Fräistouss nëmme knapps nieft de Gol gesat huet. Am weidere Verlaf vun der zweeter Hallschent hunn déi Déifferdenger weiderhin den Toun uginn an hu sech Chancen erausgespillt. Mä weder den Abreu, nach de Pinto oder den Mfoumou haten déi néideg Reussite beim Ofschloss oder si sinn um Shepperd am walisesche Gol hänke bliwwen, dee seng Ekipp mat senge Paraden am Match gehalen huet. Mä Déifferdeng sollt awer nach säi Gol fannen. An der 65. Minutt haten déi Déifferdenger de géigneresche Strofraum besat an hunn dräi Mol bannent kuerzer Zäit e Schoss a Richtung Gol lassgelooss. Dobäi krut de Clark de Ball widdert d'Hand, soudatt den Arbitter op Eelefmeter entscheet huet. De fällege Penalty sollt den Hadji dunn an der 68. Minutt souverän verwandelen. Et stoung deemno 1:0 an d'Waliser hunn elo zwee Goler gebraucht, fir an d'Verlängerung ze kommen. Nom Gol ass de Match awer ofgeflaacht, Déifferdeng huet de Match geréiert, ouni de Géigner geféierlech virun den eegene Gol kommen ze loossen. Deemno hu béid Ekippe keen all ze geféierleche Schoss méi a Richtung Gol lassgelooss, soudatt de Match mat 1:0 op en Enn geet an Déifferdeng domadder am drëtten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun steet.