FC Déifferdeng 03 verléiert golräiche Match géint Levadia Tallinn mat 2:3
En Donneschdeg den Owend huet den FC Déifferdeng 03 den Allersmatch vun der 3. Qualifikatiounsronn an der Conference League géint Levadia Tallinn gespillt.
Nodeems déi Déifferdenger sech am zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun mat jeeweils zwou 1:0-Victoirë géint The New Saints aus Wales behaapte konnten, stoung en Donneschdeg schonns den drëtten Tour an dëser Campagne um Programm. Hei ass et géint den estesche Veräin FCI Levadia Tallinn gaangen.
No 90 Minutte musse sech déi Déifferdenger am Allersmatch mat 2:3 géint Levadia Tallinn geschloe ginn. Domadder stinn d'Männer vum Trainer Pedro Silva am Réckmatch ferm ënner Drock. Esou musse si mat zwee Goler Ënnerscheed gewannen, fir an Estland een Tour weiderzekommen.
De Retourmatch tëscht Déifferdeng an Tallinn gëtt de 14. August um 18.30 zu Tallinn an der A. Le Coq Arena zu Tallinn ugepaff.
FC Déifferdeng 03 - FCI Levadia Tallinn 2:3
0:1 Musaba (14'), 1:1 Hadji (17'), 1:2 Ainsalu (20'), 1:3 Musaba (52'), 2:3 Hadji (60')
D'Spectateure kruten zu Déifferdeng zwou Ekippen ze gesinn, déi vun Ufank un de Wee a Richtung géigneresche Gol gesicht hunn. Mä et waren déi Déifferdenger, déi sech fir d'éischt nenneswäert Occasiounen erausspille konnten. Esou ass den Mfoumou schonns an der 8. Minutt a Richtung estesche Gol marschéiert, wou hie fir den Hadji opgeluecht huet. Dem Déifferdenger säi Schoss konnt awer vum Vallner am Gol vun Tallinn an de Corner deviéiert ginn. Dëse Corner huet dunn och fir Gefor gesuergt, mä dem Brusco säi Kappball konnt de Vallner sécher festhalen. Doropshi sinn d'Esten awer och zu hirer éischt Chance komm. Dëst nodeems de Felipe am Gol vun Déifferdeng an der 10. Minutt engem Géigespiller de Ball an de Fouss gespillt huet. Um Enn konnten d'Spiller vun Tallinn dorausser awer kee Kapital schloen. An der 14. Minutt hu sech déi Déifferdenger nees e Feeler an der Defense geleescht an dëse sollt de Minetter dunn awer deier ze stoe kommen. De Bedouret konnt de Ball net gutt klären, soudatt dëse beim Musaba gelant ass, deen eleng a Richtung Gol gelaf ass an dësen zum 1:0 fir d'Gäscht am Gol ënnerbrénge konnt. Mä déi Déifferdenger sollten dräi Minutten drop zréckschloen. Zwar ass den Abreu no engem laange Ball vum Felipe nach um Vallner hänke bliwwen, mä beim Noschoss vum Hadji hat den estesche Golkipp du keng Chance méi, fir un de Ball ze kommen, soudatt de Match nees egaliséiert war. Mä an der 20. Minutt louchen d'Gäscht nees a Féierung. Erëm war et de Musaba, dee fräi duerch war an e Schoss a Richtung Déifferdenger Gol lassgelooss huet. Dëse konnt de Felipe un de Potto deviéieren, mä den zweete Ball ass du beim Ainsalu gelant, deen dësen humorlos am Gol zum 2:1 fir d'Gäscht ënnerbruecht huet. Déi Déifferdenger haten, ier datt de Match ofgeflaacht an eng laang Zäit näischt méi um Terrain geschitt ass, an der 25. Minutt duerch dem Leandro säin Distanzschoss, dee knapps laanscht gaangen ass, nach eng gutt Méiglechkeet. Réischt an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent sollt et nees geféierlech ginn. Dëst nodeems den Mfoumou säi Gléck mat engem Schoss vun der rietser Säit probéiert huet. Dësen ass awer knapps nieft dem Gol ageschloen an direkt dono huet den Arbitter béid Formatioune beim Stand vun 1:2 op den Téi geschéckt.
No der Paus waren et d'Gäscht, déi méi bësseg a méi aktiv an de Match gestart sinn. Dëst hu si an der 52. Minutt och an e Gol ëmgemënzt. Iwwert déi riets Säit ass de Pedro a Richtung Strofraum gezunn, ier datt hien de Musaba am Strofraum ugespillt huet. Dëse konnt de Ball gemittlech unhuelen, sech ëm seng eegen Achs dréien an de Ball dunn am kuerzen Eck zum 3:1 ënnerbréngen. Bis an déi 60. Minutt war vun Déifferdeng net vill ze gesinn. Mä dunn huet op eemol de Franzoni den Mfoumou iwwert déi riets Säit geschéckt, deen de Ball schaarf erageflankt huet an do den Hadji fonnt huet. Dësen huet de Ball direkt geholl an en esou am estesche Gol ënnerbruecht. Aus dem Näischt ass deemno den Uschlossgol fir déi Minetter gefall. De Match war relancéiert. Esou sinn déi Déifferdenger doropshin zu enge sëllege Chancë komm. Mä weder de Leandro mat sengem Versuch an der 67. Minutt, nach den Mfoumou an der 72. Minutt konnten de Vallner zwéngend ënner Drock setzen. Op der anerer Säit war de Felipe am Déifferdenger Gol e bestännegen Onsécherheetsfacteur, dee seng Ekipp an der Defense heiansdo ferm an d'Laberente bruecht huet. Mä Levadia Tallinn konnt dës Feeler och net méi esou ausnotzen, ewéi nach an der éischter Hallschent. An der Schlussphas hunn déi Déifferdenger dunn den Drock nach eng Kéier erhéicht: Ugefaangen huet de Rafa Pinto an der 80. Minutt mat engem Schoss aus gutt 18 Meter. Dëse konnt de Golkipp awer ouni Problemer paréieren. An der 84. Minutt konnt den El Idrissi eng flaach Flank vum Mfoumou net verwäerten a kuerz drop sollt dem Lempereur säi Fräistouss aus gudder Positioun an der Mauer hänke bleiwen. Déi Déifferdenger konnten um Enn näischt méi um Score änneren, soudatt si sech no 90 Minutte mat 2:3 géint Levadia Tallinn geschloe musse ginn an domadder zwéngend am Retourmatch an Estland an enger Woch gewanne mussen.