En Donneschdegowend gouf de Retourmatch tëscht Levadia Tallinn an dem FC Déifferdeng 03 vun der 3. Qualifikatiounsronn an der Conference League gespillt.

Nodeems déi Déifferdenger sech am Allersmatch no engem golräiche Match mat 2:3 géint Levadia Tallinn hu misse geschloe ginn, war et fir d'Minetter kloer, datt een am Retourmatch zwéngend gewanne muss, fir an d'Play-Offen, spréch an den nächsten a leschten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun ze kommen.

Déifferdeng an der Conference League weider / Rep. Serge Olmo

No 90 Minutte stoung eng 1:0 Victoire fir Déifferdeng um Bou, soudatt et an d'Verlängerung gaangen ass. An dëser sollten eng jett Goler falen. Um Enn ka sech Déifferdeng no 120 Minutten mat 3:1 géint Levadia Tallinn duerchsetzen a steet domadder am véierten a leschten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun.

Déifferdeng steet am Playoff vun der Conference-League-Quali - Goler am Replay
En Donneschdeg den Owend konnt sech Déifferdeng no Verlängerung géint Levadia Tallinn behaapten.

Do treffen déi Déifferdenger op KF Drita Gjilan, déi an der Europa-League-Qualifikatioun géint FCSB Bukarest no Aller- a Retourmatch mat 3:6 erausgeflu sinn. Déifferdeng an Drita ware schonns am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun openeegetraff. Hei hat um Enn de kosovaresche Veräin de längeren Otem, dee sech no zwee Matcher mat 4:2 géint Déifferdeng duerchsetze konnt.

FCI Levadia Tallinn - FC Déifferdeng 03 1:3

0:1 Buch (89'), 1:1 Tambedou (92'), 1:2 Buch (105'+1), 1:3 Hadji (119', Eelefmeter)

D'Spectateuren zu Tallinn kruten an der éischter Hallschent more Kascht vu béide Formatiounen opgedëscht. Béid Ekippe si kee Risiko agaangen an hu sech deementspriechend wéineg bis guer keng Chancen erausgespillt. Zwar hat den Hadji an der éischter Minutt schonn e Schoss a Richtung estesche Gol lassgelooss, mä dëse konnt de Vallner op Säite vun Tallinn ouni gréisser Problemer paréieren. An der 13. Minutt waren et nees déi Déifferdenger, déi eng Occasioun haten, mä dës Kéier krut de Leandro de Ball aus kierzter Distanz, nodeems dësen no engem Corner beim Déifferdenger gelant war, net kadréiert. Déi lescht Déifferdenger Occasioun hat dunn den Mfoumou, deen an der 27. Minutt mat engem laange Ball op d'Rees geschéckt gouf. Allerdéngs huet de jonken Déifferdenger am 1-géint-1 mam Vallner de Kierzere gezunn, deen de Schoss vum Déifferdenger gutt paréiere konnt. Vun den Esten war an der éischter Hallschent iwwerdeems net vill ze gesinn. D'Lokalekipp ass just iwwer Distanzschëss geféierlech ginn, mä dës sinn ëmmer laanscht de Gol geflunn. Esou konnte weder de Schjonning-Larsen, nach de Mavretic de Felipe am Déifferdenger Gol mat hire Schëss op d'Prouf stellen. Deemno ass et an engem éischter langweilege Match mat 0:0 op den Téi gaangen. Déifferdeng huet deemno an der zweeter Hallschent op de Gas missen drécken, wa si nach eng Ronn weiderkomme wollten.

No der Paus hu béid Formatiounen do weidergemaach, wou si an der éischter Hallschent opgehalen hunn. Tallinn huet probéiert, de Match ze geréieren, ouni dobäi awer am Stuerm eng geféierlech Aktioun ze hunn. Déifferdeng huet probéiert no vir ze spillen, huet sech dobäi awer extrem schwéier gedoen. Entweder hunn déi Déifferdenger schlecht Entscheedunge getraff an hu probéiert de falsche Spiller an Zeen ze setzen oder et huet an den decisive Momenter un der néideger Prezisioun gefeelt. Doriwwer eraus war de Match an der zweeter Hallschent dacks ënnerbrach, soudatt e richtege Rhythmus gefeelt huet. Réischt an der Schlussphas vun der zweeter Hallschent ass méi Vitess an de Match komm. Déi Déifferdenger hunn elo probéiert méi direkt no vir ze spillen an si hunn och elo d'Lächer an der estescher Defense fonnt. Esou sinn d'Minetter an der 75. Minutt och zu hirer beschter Chance komm. No engem Aworf konnt de Brusco de Ball an de 5-Meterraum verlängeren, wou den Abreu un de Ball komm ass, deen de Vallner am estesche Gol mat sengem Versuch a Bedrängnis bruecht huet. Mä den estesche Golkipp konnt de Ball um Enn halen. An der 80. Minutt sollt en zweete Ball no engem Corner beim Hadji landen, dee gläich zwee Mol a Richtung Gol schéisse konnt. Allerdéngs konnt den éischte Versuch vum Hadji blockéiert ginn an den zweete Schoss vum Déifferdenger huet de Wee net op de Gol fonnt an ass iwwert dësem ewechgeflunn. An der 86. Minutt hat den Hadji nach eng Grousschance fir e Gol ze markéieren, mä dem Déifferdenger säi Volley konnt in Extremis vun engem esteschen Defenseur deviéiert ginn. Déi Déifferdenger sollte sech um Enn dann awer nach fir hir lescht gutt 20 Minutte belounen: An der 89. Minutt gouf de Buch vum Hadji op d'Rees geschéckt an ass dunn eleng a Richtung Vallner marschéiert. Den däitsche Stiermer ass virum Golkipp cool bliwwen, huet sech en Eck ausgekuckt an de Ball äiskal am Gol ënnerbruecht. Kuerz drop, waren 90 Minutten eriwwer an et stoung en 1:0 fir Déifferdeng um Bou, wat bedeit huet, datt et an d'Verlängerung geet.

An dës Verlängerung hat et a sech. Allerdéngs war et d'Lokalekipp, déi fir d'éischt geféierlech virum Gol opdauche sollt. No engem laange Ball konnt de Brusco de Ball net richteg klären, soudatt dëse beim Tambedou gelant ass, dee fräi duerch war an de Score op 1:1 stelle konnt. Déi Déifferdenger hu sech awer net opginn an hu weider op en zweete Gol gedréckt. Nach virun der Paus vun der Verlängerung sollte si sech och fir hir Méie belounen. De Buch konnt no Viraarbecht vum Lempereur de Ball am Filet ënnerbréngen. Déifferdeng war elo am Eelefmeterschéissen an nach ass hinnen eng weider Hallschent vun der Verlängerung bliwwen.

Déi huet fir Tallinn denkbar schlecht ugefaangen. Esou ass an der 107. Minutt den Iboro vum Terrain gesat ginn, nodeems dëse seng zweete Giel Kaart vum Owend gesinn huet. Aus dëser Iwwerzuel konnt Déifferdeng laang kee Kapital erausschloen, ier datt den Arbitter an der 118. Minutt op de Punkt gewisen huet. Et gouf en Eelefmeter fir Déifferdeng no engem Handspill vum Peetson. Den Hadji huet sech dem Eelefmeter ugeholl an huet dëse souverän zum 3:1 fir Déifferdeng verwandelt. Mat dësem Score sollt de Match dunn och op en Enn goen, soudatt Déifferdeng no enger verréckter Verlängerung eng Ronn weiderkënnt an elo an de Play-Offen vun der Conference-League-Qualifikatioun steet.