FIFA stellt den däitsche Futtballverband ënner Beobachtung

© AFP
De Weekend waren an der 1. Ronn vun der däitscher Coupe am Futtball op zwee Terraine Spiller rassistesch beleidegt ginn.
Am däitsche Futtball stoung de Weekend déi 1. Ronn vum DFB Pokal um Programm. Bei zwee Dueller ass et dobäi zu Fäll vu Rassismus komm. Bei der Partie tëscht LOK Leipzig an dem FC Schalke 04 gouf de Christopher Antwi-Adjei vun der Tribün aus rassistesch beleidegt an no enger kuerzer Ënnerbriechung zousätzlech fir de Rescht vum Match vun de Leipziger Spectateuren ausgepaff. Parallel gouf dann och beim Match tëscht der RSV Eintracht géint den 1. FC Kaiserslautern zu Potsdam e Sonndeg ee Bänkspiller vun de "Roten Teufel" rassistesch beleidegt.
E Méindeg huet sech elo de FIFA-President Gianni Infantino an dësem Kontext ze Wuert gemellt. D'Virfäll huet hien als "ondrobar" an "entsetzlech" beschriwwen an zäitgläich gesot, datt ee mam Däitsche Futtballverband DFB a Kontakt trieden an d'Virfäll genau beobachte géing. Betount gouf dobäi, datt ee kloer un der Säit vun de betraffene Spiller steet an datt den däitsche Verband opgefuerdert gëtt, entspriechend Moossnamen ze treffen.
Den DFB selwer huet donieft och schonn annoncéiert, datt de Kontrollausschoss d'Situatioun ënnersicht an Ermëttlunge géint déi betreffend Veräiner ageleet ginn.
An der 1. Ronn vum DFB Pokal konnt sech Greuther Fürth no engem Gol vum Mathias Olesen duerchsetzen.