Favoritte kënne sech duerchsetzen, wann och deels mat Krämpes

© Photo by ROBERT MICHAEL / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Am DFB-Pokal waren um Méindeg 4 Matcher vun der 1. Ronn. D'Favoritte konnte sech allkéiers duerchsetzen, och wa se sech deels schwéier gedoen hunn.
Den FSV Mainz 05 gewënnt knapp mat 1:0 beim Zweetligist Dynamo Dresden.
Borussia Dortmund hat vill Krämpes bei der 1:0-Victoire géint den Drëttligist Rot-Weiss Essen.
Hertha BSC huet géint Preußen Münster souguer mussen an d'11-Meter-Schéissen.
Fortuna Düsseldorf setzt sech mat 4:2 géint den FC Schweinfurt duerch.
Rassismus-Problemer nom Match tëscht Essen an Dortmund
No engem Foul um Dortmunder Spiller Yan Couto gouf et online esou vill rassistesch Beleidegunge géint den Essener Spiller Owusu, dass de Club d’Kommentarfunktioun op Instagram huet mussen desaktivéieren. Liest hei de ganzen Artikel.