Futtballspiller vun Essen gëtt Zil vu rassistesche Kommentaren

© AFP
De Kelsey Owusu krut wéinst sengem Foul um Yan Couto zwar net déi rout Kaart, war dofir awer nom Match op Instagram rassistesche Bemierkungen ausgesat.
E Méindeg den Owend krut et Rot-Weiss Essen an der 1. Ronn vum däitschen DFB Pokal am Futtball mam Noper Borussia Dortmund ze dinn. Nom Match war awer manner déi knapp 1:0-Victoire vum BVB Theema, ma vill méi sinn op en Neits rassistesch Beleidegungen an de Vierdergrond geroden.
An der Nospillzäit vum Match hat de Kelsey Owusu vun Essen de Yan Couto vun de Been geholl an dëse méi uerg um Knéi blesséiert. D'Spectateure vun de Giel-Schwaarzen hunn doropshin eng rout Kaart gefuerdert, déi den Arbitter awer a senger Boxentäsch stieche gelooss huet. Wärend de Kelsey Owusu sech nom Match an de Vestiairë beim Spiller entschëllegt huet, huet sech den Ierger vun enger Rei Supporter weider op déi Sozial Medie verlagert. Ënnert dem Bäitrag vum Veräin Rot-Weiss Essen gouf de Kelsey Owusu d'Zilscheif vu sou ville rassistesche Bemierkungen, datt de Veräin d'Kommentare späre gelooss huet.
Schonn de Weekend war et an der 1. Ronn vum DFB-Pokal op zwee Terrainen zu Fäll vu Rassismus komm. De FIFA-Chef Gianni Infantino hat doropshin annoncéiert, den däitsche Futtballverband DFB ënner Beobachtung ze setzen.