En Donneschdeg den Owend goufen d'Allersmatcher an der 4. Ronn vun der Conference-League-Qualifikatioun gespillt. Déifferdeng krut et do mat Drita ze dinn.

Nodeems déi Déifferdenger sech am drëtten Tour an engem verréckte Match zu Tallinn behaapten a sech fir de véierten a leschten Tour vun der Conference League qualifizéiere konnten, ass et en Donneschdegowend am Allersmatch vum véierten Tour géint de kosovaresche Veräin KF Drita Gjilan gaangen. Géint dësen haten déi Déifferdenger schonns am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun de Kierzere gezunn.

An ewéi schonns am Allersmatch an der Champions-League-Qualifikatioun muss sech Déifferdeng op en Neits géint Drita geschloe ginn. No 90 Minutte verléiert Déifferdeng mat 1:2 géint Drita, soudatt Déifferdeng am Retourmatch en Donneschdeg zwéngend gewanne muss.

Resumé Drita-Deifferdeng / Reportage Serge Olmo

KF Drita - FC Déifferdeng 03 2:1

1:0 Dabiqaj (30'), 1:1 Buch (65'), 2:1 Krasniqi (80', Eelefmeter)

D'Spectateure kruten am Kosovo eng schwaach éischt Hallschent ze gesinn. Zwar hat d'Lokalekipp vill Ballbesëtz an huet sech ëmmer nees an den Déifferdenger Strofraum gespillt, mä e richteg geféierleche Schoss sollten d'Kosovaren awer net a Richtung Déifferdenger Gol lassloossen. Dacks huet d'Lokalekipp och probéiert, fir déi Déifferdenger Defense mat laange Bäll an d'Lach ze iwwerspillen, mä och dës hunn nëmme fir wéineg Gefor gesuergt. Dëst well den Déifferdenger Golkipp, de Felipe, opgepasst huet a bei dëse Bäll gutt aus sengem Gol erauskomm ass fir dës ofzefänken. An der 30. Minutt sollt et dunn awer am Déifferdenger Filet rabbelen. Iwwert déi lénks Säit sinn d'Spiller vun Drita a Richtung Gol marschéiert. Den Tusha ass dunn an de Strofraum gezunn an huet de Ball an de Réckraum gepasst, wou den Dabiqaj mudderséileneleng gelauert huet. Dësen huet de Ball ouni ze zécken op de Gol geschoss an dësen äiskal aus kuerzer Distanz zum 1:0 fir seng Faarwen ënnerbruecht. Déi Déifferdenger sinn dogéint just seele virum kosovaresche Gol opgedaucht. Am Ufank vum Match haten déi Déifferdenger e puer Chancen, allerdéngs hunn dem Abreu bei senge Versich entweder déi néideg Prezisioun oder d'Kraaft gefeelt fir de kosovaresch Golkipp zwéngend ënner Drock ze setzen. Dee leschte geféierleche Schoss huet de Franzoni fir déi Déifferdenger an der 21. Minutt lassgelooss, mä och dëse konnt säi Wee net an de Gol fannen. Deemno sinn déi Déifferdenger mat engem 0:1-Retard op den Téi gaangen, soudatt nach 45 Minutten iwwereg bliwwe sinn, fir de Match ze dréien.

No der Paus ware Chancen op en Neits rar geseent. Zwar huet den agewiesselten Déifferdenger Mfoumou probéiert, fir Vitess an de Match ze bréngen, mä eng konkret Golchance sollt den Déifferdenger och net op d'Bee gestallt kréien. D'Spiller vun Drita hunn dogéint probéiert, fir de Match ze geréieren. Si hunn hanne wéineg zougelooss an hunn de Ball gutt dréine gelooss, soudatt déi Déifferdenger seele séier no vir spille konnten. Offensiv Akzenter konnten d'Kosovaren awer keng méi setzen. E bëssen aus dem Näischt sollt dunn den zweete Gol vum Dag falen. No engem direkte Fräistouss vum Hadji ass de Ball bei den Mfoumou deviéiert ginn, dee sech en Häerz gefaasst an ofgezunn huet. Den agewiesselte Buch huet séier reagéiert a säi Kapp an de Schoss gehalen, soudatt dësen de Ball onhaltbar fir de kosovaresche Golkipp deviéiert huet. Deemno sollt de Ball hannert dem Maloku aschloen an de Score war 1:1. Et war zwar e Gol gefall, mä de Match war doropshin net besser. Béide Formatiounen ass wéineg agefall, soudatt sech de Groussdeel vum Match an der Mëtt vum Terrain ofgespillt huet. Allerdéngs huet de schweedeschen Arbitter an der 78. Minutt fir Opreegung gesuergt. Dëst nodeems hien no engem vermeintleche Feeler vum Lempereur op de Punkt gewisen an Drita en Eelefmeter accordéiert huet. Dësem huet sech de Krasniqi ugeholl, deen den Eelefmeter sécher verwandelt huet. Nom zweete Géigegol war Déifferdeng beméit, fir nees de Match ze egaliséieren, mä dëst sollt de Minetter awer net méi geléngen. Deemno verléiert Déifferdeng am Kosovo 1:2 géint Drita a muss, fir an d'Gruppephas vun der Conference League anzezéien, zwéngend am Retourmatch wannen.