
Wéi de Veräin op de Soziale Medie gemellt huet, ass den Erik ten Hag net méi Trainer vu Bayer Leverkusen. Dat ass eng Reaktioun op de mësslongene Start an déi nei Saison an der 1. Bundesliga, wou et an den éischten zwee Matcher nëmmen ee Punkt ginn ass. E Samschdeg gouf et zu Bremen trotz enger 3:1-Féierung an Iwwerzuel nach en 3:3-Remis géint Bremen.
Den Hollänner hat dëse Summer de Stull vum Xabi Alonso iwwerholl, dee mat der Werkself 2024 fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht däitsche Champion gi war. De gréissten Deel vun der Starteelef hat Leverkusen dëse Summer verlooss, virun allem a Richtung England. Eng schwéier Aufgab war et also fir den Erik ten Hag, dee mat engem ganz frësche Kader an d’Saison starten a séier eng nei Ekipp forméiere misst. D’Gedold war bei de Responsabele vu Bayer Leverkusen awer net all ze grouss.
Elo ass seng kuerz Zäit bei der Werkself eriwwer. Bis en neien Trainer fonnt gëtt, iwwerhuelen d’Assistente vun der Trainer-Ekipp.