Däitschland verléiert iwwerraschend géint d'Slowaken, Spuenien a Belsch souverän

© Joe Klamar / AFP
Nieft de Roude Léiwen waren en Donneschdegowend och aner Nationalekippen an der Qualifikatioun fir d'WM am Asaz. Dorënner eis belsch an däitsch Noperen.
D'Belsch hu sech am Ufank schwéier gedoen, kënne sech no 90 Minutten awer souverän géint Liechtenstein behaapten. Och déi Däitsch, déi am selwechte Grupp wéi Lëtzebuerg sinn, hate Krämpes géint d'Slowaken, déi Däitschland iwwert de ganze Match ewech dominéiert hunn, soudatt sech d'Slowaken um Enn verdéngt behaapten an de Favorit aus Däitschland schloe kënnen. Wéi d'Rout Léiwe gespillt hunn, kënnt Dir an dësem Artikel liesen.
Doriwwer eraus verspillt d'Tierkei géint Georgien bal eng 3:0-Féierung, wougéint d'Spuenier sech souverän géint d'Bulgare behaapte kënnen. Kee Gewënner gëtt et am Match tëscht Holland a Polen. Béid Formatiounen trenne sech 1:1.
D'Resultater vun deenen anere Matcher souwéi all d'Goler gesitt Dir hei am Iwwerbléck.
Grupp E
Georgien - Tierkei 2:3
0:1 Müldür (3'), 0:2 Aktürkoglu (41'), 0:3 Aktürkoglu (52'); 1:3 Davitashvili (63'), 2:3 Kvaratskhelia (90'+2)
Bulgarien - Spuenien 0:3
0:1 Oyarzabal (5'), 0:2 Cucurella (30'), 0:3 Merino (38')
Grupp G
Litauen - Malta 1:1
0:1 Satariano (83'), 1:1 Gineitis (90'+6, Eelefmeter)
Holland - Polen 1:1
1:0 Dumfries (28'), 1:1 Cash (80')
Grupp J
Kasachstan - Wales 0:1
0:1 Moore (24')
Lichtenstein - Belsch 0:6
0:1 De Cuyper (29'), 0:2 Tielemans (46'), 0:3 Theate (60'), 0:4 De Bruyne (64'), 0:5 Tielemans (70', Eelefmeter), 0:6 Fofana (90'+1)
Grupp A
Slowakei - Däitschland 2:0
1:0 Hancko (42'), 2:0 Strelec (55')