En Donneschdeg gouf am Kader vun der Qualifikatioun fir d'WM 2026 deen éischte Match gespillt. Fir Lëtzebuerg ass et dobäi doheem géint Nordirland gaangen.

An dësem hunn d’Lëtzebuerger um Enn kloer mat 1:3 géint Nordirland de Kierzere gezunn. D'Nordire waren iwwert de ganze Match gekuckt déi méi aktiv souwéi déi spillbestëmmend Ekipp, soudatt si um Enn verdéngt als Gewënner vum Terrain ginn, obschonns d'Gäscht vun der Insel bei munchen Aktiounen och Gléck haten, datt den Arbitter 50/50-Entscheedunge zu hire Gonschte getraff huet.

Lëtzebuerg - Nordirland: D'Highlights vun der Partie
Mat 1:3 hu sech d'Rout Léiwen doheem géint Nordirland misste geschloe ginn.

Am zweete Match am Grupp A, gouf et dunn direkt eng grouss Iwwerraschung. Däitschland huet sech no Goler vun Hancko a Strelec mat 0:2 an der Slowakei misse geschloe ginn, e Start dee sech de Favorit am Lëtzebuerger Grupp wuel anescht virgestallt hat. Deemno stinn d'Lëtzebuerger den Ament op der drëtter Plaz am Grupp, just virun den Däitschen, déi déi lescht Plaz beleeën.

D'Resultater an d'Goler vun deenen anere Matcher fannt Dir an dësem Artikel.

De Resumé vum Match

Lëtzebuerg - Nordirland 1:3
0:1 Reid (7'), 1:1 Dardari (30'), 1:2 Charles (46'), 1:3 Devenny (69')

D'Spectateure kruten am Stade de Luxembourg eng nordiresch Ekipp ze gesinn, déi mat voller Vitess opgespillt an den direkte Wee a Richtung Gol gesicht huet. Esou konnte sech d'Nordiren direkt an der Ufanksphas zwou gutt Occasiounen erausspillen, mä de Moris konnt souwuel dem McCann säi Schoss an der 2. Minutt ewéi géint de Reid an der 3. Minutt am 1-géint-1 staark paréieren. Nom Reid senger Chance gouf den Arbitter awer vum VAR gebieden, sech d'Situatioun am Virfeld vun der Chance nach eng Kéier unzekucken. Um Bildschierm huet hien du gesinn, datt de Korac de Ball am Duell mam Reid am Strofraum mat der Hand gespillt huet. Doropshin ass dem letteschen Arbitter näischt aneres méi iwwereg bliwwen, ewéi op de Punkt ze weisen an den Nordiren en Eelefmeter zouzeschwätzen. Dësen Eelefmeter huet sech de Price ugeholl, deen awer um Moris hänke bliwwen ass. Mä den Ofpraller ass allerdéngs beim Reid gelant, dee séier reagéiert huet an esou den Noschoss zum 1:0 fir d'Nordire verwandele konnt. D'Rout Léiwe ware geschockt an hu bis an déi 20. Minutt gebraucht, fir déi éischte Kéier e Schoss a Richtung nordiresche Gol lasszeloossen, mä dem Olesen säi Schoss huet dësen awer ëm gutt e Meter verfeelt. De jonke Spiller vu Fürth hat an der 27. Minutt dunn déi nächst Occasioun fir d'Lëtzebuerger, mä de Peacock-Farrel am nordiresche Gol konnt dem Lëtzebuerger säi Kappball deviéieren. Nëmmen dräi Minutten drop louch de Ball dunn awer hannert dem nordiresche Golkipp am Gol. Dëst nodeems den Dardari an der 30. Minutt zu engem Solo ugesat, véier Géigespiller op sech gezunn an de Ball um Enn mat engem sate Schoss am Gol zum 1:1 Ausgläich ënnerbruecht huet. Nom Ausgläich ass bis an d'Nospillzäit vun der éischter Hallschent näischt méi geschitt. Do haten d'Lëtzebuerger dunn awer Gléck, datt den Devenny mat sengem Fräistouss just d'Lat vum Gol getraff huet. Deemno ass et mat engem 1:1 an d'Kabinne gaangen.

Resumé vun der WM-Qualifikatioun Lëtzebuerg vs Nordirland vum Serge Olmo

Direkt nom Téi huet sech Lëtzebuerg ewéi och schonns an der éischter Hallschent kal erwësche gelooss a sech direkt e Gol gefaangen. Et war den Charles, deen an der 46. Minutt e Schoss a Richtung Moris lassgelooss huet. De Schoss vum Nordir gouf am leschten Ament nach ofgefälscht, soudatt de Moris dem Ball just nach nokucke konnt, wéi dësen hannert him am Filet ageschloen ass. Doropshin hunn d'Nordiren de Match geréiert, ouni awer all ze geféierlech virum Lëtzebuerger Gol opzedauchen. Just an der 59. Minutt konnt den Toal e Kappball op de Gol bréngen, deen awer fir keng weider Gefor gesuergt huet. D'Lëtzebuerger waren an dëser Phas vum Match awer inexistent an hu sech virun allem am Stuerm schwéier gedoen, fir Fouss ze faassen. Just den Dardari huet, ewéi bei sengem Schoss an der 63. Minutt, dee geblockt konnt ginn, heiansdo fir Offensivakzenter gesuergt. An der 66. Minutt hu sech d'Lëtzebuerger du selwer geschwächt. Dëst nodeems de Korac déi zweete giel Kaart gesinn huet, eng giel Kaart, déi een net hätt misse ginn a wou den Arbitter et gutt mat den Nordire gemengt huet. Direkt drop sollt den 3:1 falen. Et war den Devenny dee markéiere konnt an domadder war d'Bier, no dëser duebeler kaler Dusch, fir d'Lëtzebuerger scho bal geschielt. Vun dësem Géigegol sollte sech d'Lëtzebuerger dunn effektiv net méi erhuelen. D'Nordiren hunn doropshin de Match geréiert an de Ball an hire Reie gehalen, soudatt just nach d'Gäscht Golchancë verbuche konnten. Um Enn musse sech d'Rout Léiwe verdéngt géint d'Nordire geschloe ginn a starten domadder mat enger Defaite an dës WM-Quali-Campagne.

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger Spiller am Interview

D'Resultater an d'Tabellen am Iwwerbléck