Juve wënnt den Derby d'Italia, Tottenham klappt West Ham

© AFP
Arsenal léisst iwwerdeems Nottingham keng Chance. D'Gunners konnten sech mat 3:0 duerchsetzen. Real Madrid gewënnt géint Real Sociedad.
Juventus Turin huet sech an engem fulminantem Match mat 4:3 géint Inter Mailand duerchgesat. An der Bundesliga gouf iwwerdeems och gespillt. Hei konnten sech ënnert anerem Dortmund a Freiburg duerchsetzen.
Premier League
Arsenal London - Nottingham Forest 3:0
1:0 Zubimendi (32'), 2:0 Gyökeres (46'), 3:0 Zubimendi (79')
Arsenal huet no 4. Spilldeeg elo 9 Punkten um Konto iwwerdeems Nottingham den 1. Match ännert dem neien Trainer Ange Postecoglou verluer huet. Virun allem an der 1. Hallschent huet sech Arsenal schwéier gedoe géint eng dicht gestaffelt Nottinghamer Devense. Ass et mol geféierlech ginn, da virun allem duerch Standardsituatiounen, sou och beim 1:0. No engem Eckball huet den Zubimendi per Volley de Ball an de Filet gehummert. Batter fir d'Gunners dass de Kapitän Ödegaard mat Problemer un der Schëller missen ausgewiesselt ginn. Nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp e Gang eropgeschrauft an huet de Match mam 2:0 direkt no der Paus an déi richteg Richtung gedréint. De Schlusspunkt huet den Zubumendi an der 79. Minutt gesat.
Newcastle United - Wolverhampton Wanderers 1:0
1:0 Woltemade (29')
Perfekte Start fir de Nick Woltemade bei sengen neie Veräin Newcastle. A sengem 1. Match fir seng nei Ekipp war de Stiermer direkt den entscheedende Mann. An der 29. Minutt huet den Däitschen no enger Flank vum Murphy per Kapp de Gol vum Dag geschoss. D'Wolves hate wuel och 2 gutt Chancen, sollten d'Effizienz awer vermessen loossen. Kuerz virun der Paus hätt d'Lokalekipp bal den 2:0 markéiert, de Ball sollt awer just un de Potto goen. Newcastle steet elo bei 5 Punkten iwwerdeems Wolverhampton weider bei 0 Punkte steet.
West Ham United - Tottenham Hotspur 0:3
0:1 Sarr (47'), 0:2 Bergvall (57'), 0:3 van de Ven (64')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Juventus Turin - Inter Mailand 4:3
1:0 Kelly, 1:1 Calhanoglu (30'), 2:1 Yildiz (38'), 2:2 Calhanoglu (65'), 2:3 Thuram M. (76'), 3:3 Thuram K. (83'), 4:3 Adzic (90+1')
An engem rasanten Derby d'Italia bei deem et hin an hier gaangen ass klappt um Enn Juventus Turin Inter Mailand mat 4:3, obwuel een an der 76. Minutt nach mat 2:3 a Réckstand geroden ass. Bemierkenswäert och, dass béid Thuram Bridder, de Marcus fir Inter, an de Khephren fir Juve, alle béid getraff hunn. Juve konnt de Match mat 2 spéide Goler duerch de Khephren Thuram an den Adzic fir sech entscheeden.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
OGC Nice - FC Nantes 1:0
1:0 Boga (56')
De Gol vum Dag huet de Boga an der 56 Minutt geschoss. Et war déi 2. Victoire an dëser Saison fir Nice.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
FC Getafe - Real Oviedo 2:0
1:0 Martin (45+4'), 2:0 Mayoral (45+9')
Real Sociedad - Real Madrid 1:2
0:1 Mbappe (12'), 0:2 Guler (44'), 1:2 Oyarzbal (56')
Real Madrid bleift och no 4. Spilldeeg weider ongeschloen a steet mat 12 souverän op der 1. Plaz an der Tabell. No der Féierung vum Mbappé krut den Huijsen an der 32. Minutt wéinst enger Noutbrems déi Rout Kaart gewisen. An der Suite hat d'Lokalekipp vill mei Ballbesëtz, sollt nom 0:2 duerch de Güler an der zweeter Hallschent awer just nach den Uschloss geléngen. Zwéngend Chancen hat Real Sociedad net mei, sou dass ee mat 1:2 de Kierzeren zitt.