Bayern iwwerrennt den HSV, Freiburg dréint Match géint Stuttgart

© AFP
An engem spannendem Match spille Wolfsburg a Köln 3:3-Gläich. Vill Goler sinn och zu Berlin gefall, Union verléiert mat 2:4 géint Hoffenheim.
Nodeems e Freideg den Owend fir den Optakt vum 3. Spilldag Leverkusen hiren 1. Match mam neien Trainer 3:1 géint Frankfurt gewonnen huet, waren e Samschdeg de Mëtteg ënnert anerem den BVB a Köln gefuerdert. Op internationalem Terrain huet an der Premier League Arsenal mat 3:0 géint Nottingham gewonnen an Juventus Turin klappt Inter mat 4:3. Den Iwwerbléck vun all de Matcher fannt dir hei.
Am Owesmatch koum et zum groussen Traditiounsduell tëscht Bayern München an dem Hamburger SV. Relativ séier war den HSV Fans an der Allianz Arena awer kloer, dass ee keng Punkte mat an den Norde géif huelen. Den däitsche Rekordmeeschter huet de Match vun Ufank un dominéiert an esou louch e no 29 Minutte scho mat 4:0 a Féierung. An der zweeter Hallschent huet den FCB e Gaang eraus geholl. No 90. Minutte steet eng 5:0-Victoire fir d'Bayern um Spillbou. An der Tabell steet een elo 2 Punkte virun Dortmund op der 1. Plaz.
Borussia Dortmund huet sech ouni gréisser Problemer mat 2:0 zu Heidenheim duerchgesaat. Virun allem déi 1. Hallschent war fir Heidenheim eng Hallschent zum Vergiessen. No 7. Minutten huet den Jonas Föhrenbach missen verlezt ausgewisselt ginn, 15 Minutten mei speit krut den Budu Zivzivade no engem Foul géint den Nmecha déi Rout Kaart. De Serhou Guirassy an de Maximilian Beier hu mat 2 Goler virun der Paus fir eng Art Virentscheedung gesuergt. De BVB huet no 3. Spilldeeg elo 7. Punkten um Konto.
Freiburg dréint de Match géint Stuttgart a klappt de VFB mat 3:1.Laang Zäit huet et dono ausgesi wéi wa Freiburg och hiren drëtte Match géif verléieren. Bis zur 81. Minutt louchen d'Breisgauer mat 0:1 a Réckstand. An de Schlussminutten sollt et dunn awer richteg geckeg ginn. D'Awiesslunge vu Freiburg hu perfekt funktionéiert an et waren et de Matanovic an de Scherhant déi um Enn den Ënnerscheet gemaach hunn. Nom 1:1-Ausgläich an der 81. Minutt huet de Scherhant 5 Minutte mei spéit d'Féierung fir d'Lokalekipp geschoss. An der Nospillzäit sollt de Matanovic per Eelefmeter du fir d'Entscheedung suergen. Freiburg freet sech iwwert déi éischt 3 Punkten iwwerdeems Stuttgart net wierklech an d'Spuer kennt .
Mainz verléiert mat 0:1 géint Leipzig. De Gol vum Dag huet de Bakayoko an der 40. Minutt fir d'Bulle markéiert. Eng sëlleg Goler hunn d'Spectateuren zu Berlin gesinn. Union Berlin verléiert doheem mat 2:4 géint Hoffenheim.
An engem geckegem Match spille Wolfsburg a Köln 3:3-Gläich. Dobäi sinn 3 Goler an der Nospillzäit gefall, déi ganzer 16 Minutte gedauert huet. An der 14. Minutt vun der Nospillzäit huet de Kaminski den Ausgläich vir Köln markéiert. Alles an allem e gerechte Remis tëscht béide Formatiounen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.