Bayern behaapt sech fir den Optakt géint Chelsea

© Foto von ALEXANDRA BEIER / AFP
E Mëttwoch war an der Futtball Champions League d'Suite vum éischte Spilldag. Fir Bayern huet den Harry Kane mat sengen zwee Goler den Ënnerscheed gemaach.
Zu München hu sech d'Bayern an engem ufanks spannende Match um Enn verdéngt mat 3:1 géint Chelsea duerchgesat. Ee Selbstgol an een Eelfemeter hat d'Lokalekipp bannent fënnef Minutten a Féierung bruecht, op déi de Cole Palmer nëmmen zwou Minutte méi spéit mam 1:2 äntwere konnt. Am zweeten Duerchgang huet den Harry Kane da mat sengem zweete Gol fir eng kleng Virentscheedung gesuergt. Fir d'Gäscht aus London war duerno näischt méi ze huelen.
Dann huet sech Liverpool un der Anfield Road nach an der Nospillzäit eng 3:2-Victoire géint Atlético Madrid geséchert. D'Reds ware mat vollem Elan an d'Partie gestart a louchen duerch den Andrew Robertson an de Mohamed Salah schonn no sechs Minutte mat 2:0 a Féierung. Kuerz virun der Paus war de Gäscht dann duerch de Marcos Llorente den Uschlossgol gelongen. An der 81. Minutt huet de Spuenier dann eng weider Kéier zougeschloen, ma dat sollt Atlético net den erwënschte Punkt bréngen. De Virgil Van Dijk hat dat lescht Wuert an huet de Match mat sengem Kappball entscheet.
Dann ass den Titelverdeedeger PSG mat engem 4:0-Succès iwwer Atalanta gutt an déi nei Ligaphas gestart. Vun Ufank un hu si am Parc des Princes den Toun um Terrain uginn a waren och nom fréie Féierungsgol vum Marquinhos déi besser Ekipp. Nëmmen eng Fro vun der Zäit war dofir den zweete Gol, deen dann nach virun der Paus duerch de Kvaratskhelia fale sollt. Nom Säitewiessel gouf mam 3:0 da fréi den Deckel drop gemaach.
Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video
Bayern - Chelsea 3:1
1:0 Chalobah (21'), 2:0 Kane (27'), 2:1 Palmer (29'), 3:1 Kane (63')
An der Arena zu München hu sech béid Ekippen am Spillopbau fréi gestéiert, sou datt de Ballbesëtz ëmmer nees d'Säit gewiesselt huet. Vereenzelt huet et awer souwuel Chelsea, wéi och Bayern et virun de géigneresche Gol gepackt. Keng 20 Minutte sollt et daueren, bis de Ball eng éischte Kéier am Gol louch. Op der rietser Säit konnt sech de Michael Olise duerchsetzen an de Ball schaarf an d'Mëtt bréngen. Den Onglécksmann war do den Trevoh Chalobah, vun deem sengem Knéi de Ball an den eegene Gol gesprongen ass. Nëmme fënnef Minutten no der Féierung konnten d'Münchener Supporter sech dann eng weider Kéier freeën, nodeems den Harry Kane am Strofraum vun de Been geholl gi war an den Arbitter doropshin op den Eelefmeterpunkt gewisen huet. Den Englänner huet sech der Saach selwer ugeholl a mat engem prezise Schoss op 2:0 erhéicht. An engem geckege Match ass Chelsea op dee Réckschlag awer ëm sou méi séier eng Äntwert gelongen. Nëmmen zwou Minutten drop huet de Cole Palmer ee perfekt ausgespillte Konter mam Gol fir den 1:2 op en Enn bruecht.
An der zweeter Hallschent hu sech béid Ekippen dann e bëssen Zäit gelooss, fir nees richteg an d'Partie ze fannen. No enger knapper Stonn hätt dann den 3:1 fir d'Bayern misste falen. No enger Pass vum Kane säitlech am Strofraum hat de Michael Olise zentral aus 10 Meter quasi de fräie Gol viru sech, huet de Ball awer matzen op de Golkipp geschoss, deen nach vun der Säit eragelaf komm ass. Ronn dräi Minutte méi spéit huet et den Harry Kane da selwer gemaach. No engem Ballverloscht an der Defense vun de Blues huet den Englänner net laang gezéckt an de Ball placéiert riets an den Eck geschoss an domat op 3:1 gestallt. Fir de Rescht vun der Partie hat een net den Androck, wéi wann Chelsea de Spillstand nach iergendwéi ophuele kéint. D'Bayern hunn d'Féierung ouni gréisser Problemer iwwert d'Zäit bruecht.
Liverpool - Atlético Madrid 3:2
1:0 Barrios (4'), 2:0 Salah (6'), 2:1 Llorente (45+3'), 2:2 Llorente (81'), 3:2 Van Dijk (90+2')
PSG - Atalanta Bergamo 4:0
1:0 Marquinhos (3'), 2:0 Kvaratskhelia (39'), 3:0 Mendes (51'), Ramos (90+1')
Ajax - Inter Mailand 0:2
0:1 Thuram (42'), 0:2 Thuram (47')
Slavia Prag - Bodo/Glimt 2:2
1:0 Mbodji (23'), 2:0 Mbodji (74'), 2:1 Bassi (78'), 2:2 Fet (90')
Olympiakos Piräus - Paphos 0:0
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.