Donieft konnt sech Mainz an Iwwerzuel zu Augsburg duerchsetzen. Hamburg krut géint Heidenheim dräi wichteg Punkten.

Bayern huet sech um Samschdeg zu Hoffenheim mat 4:1 behaapt. An der 1. Hallschent huet de Favorit aus München sech schwéier gedoen. Hoffenheim konnt de Géigner relativ gutt vum Gol fort halen an hat vir och Chancë fir selwer a Féierung ze goen. Kuerz virun der Paus huet Hoffenheim bei engem Corner net opgepasst. De Kane konnt profitéieren an huet den 1:0 markéiert. Kuerz nom Säitewiessel konnt de Kane no engem Eelefmeter op 2:0 erhéijen. Hoffenheim huet sech gewiert a konnt sech Chancen erausspillen, den 3. Gol sollt awer fir Bayern falen. De Kane konnt e weideren Eelefmeter verwandelen. D'Heemekipp huet net opginn an den Éieregol sollt hinnen 8 Minutte viru Schluss duerch den Coufal geléngen. Bayern wollt awer dat lescht Wuert hunn an de Gnabry huet mat sengem Gol fir d'Schlussresultat gesuergt.

Eng 0:3-Defaite gouf et fir Bremen mam Co-Trainer Raphael Duarte géint Freiburg. Am Weserstadion hunn d'Spectateuren an den éischte 45 Minutten eng ausgeglache Partie gesinn. D'Gäscht konnten awer no engem Handeelefmeter duerch de Vincenzo Grifo a Féierung goen. Mat 0:1 sinn dann d'Säite gewiesselt ginn. Den Adamu huet kuerz no de Paus op 2:0 erhéicht. Wéi de Bremer Schmid no enger knapper Stonn en Eelefmeter net erakrut, huet et ëmmer méi no enger Victoire fir d'Gäscht ausgesinn. Déi definitiv Entscheedung ass an der 75. Minutt gefall. De Coulibaly huet de Ball onglécklech am eegene Filet ënnerbruecht.

Augsburg huet donieft kloer géint Mainz mat 1:4 verluer. De Lëtzebuerger Aiman Dardari stoung dobäi net net am Kader. Am Kellerduell war Hamburg Heidenheim knapp mat 2:1 iwwerleeën.

An der Owespartie (18:30 Auer) muss Köln nach zu Leipzig untrieden.

Liverpool konnt sech iwwerdeems an England knapp am Merseyside-Derby behaapten.

D'Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.

Spilldag

D'Tabell vun der Bundesliga

Tabell